Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Home

Neiegkeeten

  • Summerfest Nonnewisen 2026

    D'Schoul Nonnewisen invitéiert häerzlech ob hiert Summerfest 2026 op der Place publique virun der Schoul. Huelt ärch also Méindes, den 13 Juli Zäit a kommt eis tëschent 17 an 20 Auer besichen.

    Vir Iessen a Gedrénks ass natierlech gesuercht. D'Klassen aus de Nonnewisen, de Fliedermais an och d'MR maachen Optrëtter. Mär iwwerreechen den Erléis vun eisem Spendelaf. An zum Schluss ass nach eng Diplomiwwerreechung vum C4 geplangt.

    Loosst ärch also dëst Fest net entgoen. Mär freeën eis op är Visitt.


  • Sportswoch Nonnewisen

    An der École Nonnewisen fënnt vum 18. bis de 22. Mee eng Sportswoch statt.

    Alles dréint sech ëm Thema Sport, Ernährung, Gesondheet a Wuelbefannen. D'Klasse maachen all Dag vill Beweegungspausen an sportlech Aktivitéiten an der Klass, behandelen Themen iwwert gesond Ernährung an der Science a schwätzen iwwert d'Gesondheet an d'Wuelbefannen am Vieso-Kuer.

    Zesummen mat Escher Sportsveräiner kréien d'Kanner een Androck a verschidde Sportarten. All Cycle huet e bestëmmten Dag, wou si un desen Aktivitéiten deelhuelen.

    E Spendelaaf Freides, den 22. Mai ass als Oofschloss vun der Sportswoch geplangt.


  • Wanterliichter Dellhéicht 2025

    Dellhéicht Schoul invitéiert ierch härzlech op hier Wanterliichter den 12. Dezember vun 17:00 bis 20:00 Auer.

    Fir Iessen, Drénken an gudd Stëmmung ass gesuergt! Kommt lanscht, mir frëen eis!

    Dëst Joer dann och mat engem klenge Wantermaart, wou dir bestëmmt nach deen een oder anere Chrëschtcadeau fannt!


Rezent Fotoën

Login