Aktuelles
Elterevertrieder
Hei d'Elterevertrieder vir d'Joeren 2025-2028.
D'Elterevertrieder hunn ëmmer een oppent Ouer.
Wanterfest - Let it sNOWI!
D'Schoul Nonnewisen invitéiert häerzlech op hiert Wanterfest 2025.
Mëttwochs, den 17. Dezember ab 17h00.
Fir Iessen a Gedrénks a gesuercht.
Kleng Optrëtter gi vun de Schoulklassen präsentéiert.
Um Märtchen gi gebastelt Saache verkaaf.
Loosst ärch dëse flotten Owend net entgoën. Mär freën eis op är Visite!
NOWI-Gaart
Nodeems de Cycle 4 zesumme mam Centre Formida e wonnerschéint Schëld erstallt hunn, krut eise Gaart endlech säin Numm.
De NOWI-Gaart wäert also an Zukunft vir pädagogesch Aktivitéiten op sinn an de Kanner vill nei Saache weisen a bäibréngen.
De Cycle 1 huet dann nach wonnerschéin individuell Vullenhaisecher gebastelt, déi dann och un de Beem am Haff opgehaange goufen.
Schoulfest Nonnewisen
D'Schoul Nonnewisen invitéiert häerzlech ob hiert Summerfest 2025 op der Place publique virun der Schoul. Huelt ärch also Donneschden, den 10 Juli Zäit a kommt eis tëschent 16 an 19 Auer besichen.
Vir Iessen a Gedrénks ass natierlech gesuercht. D'Klassen aus de Nonnewisen, de Fliedermais an och d'MR maachen Optrëtter. Mär iwwerreechen den Erléis vun eisem Spendelaf un Trauerwee Asbl. An zum Schluss ass nach eng Diplomiwwerreechung vum C1 a vum C4 geplangt.
Loosst ärch also dëst Fest net entgoen. Mär freeën eis op är Visitt.
Spillmoien
An de Nonnewisen gëtt Samstes, den 14. Juni déi éischt Editioun vum Spillmoien organiséiert. D'Elteren an d'Kanner aus dem Cycle 2 goufen vun der Schoulekipp invitéiert vir e flotte Spillmoien an der Schoul ze verbréngen.
Zesumme gëtt gespillt, gelaacht a sech ausgetosch.
Ziel ass Freed, Spill a Spaass! Nei Spiller kennen ze léieren an e flotte Moien mat der Famill a Frënn ze verbréngen.
Nowi Réidecher
De Nowi Gaart blitt a voller Pracht. D'Kanner hu sech dëst Joer besonneg druginn vir am Gaart ze schaffen.
Elo ass et esou wäit an d'Kanner aus dem C3 konnten d'Réidecher eraushuelen. Se goufe gewäsch an un all d'Kanner aus der Schoul verdeelt. Dat war e Genoss!
Och de Recht vum Gaart mëscht sech richteg gutt.
