Aktuelles
Lalli Cup - 4t Editioun
Och am neie Schouljoer lancéiert de Pausegrupp de Lalli Cup an der Lallenger Schoul. Am Vierdergrond soll, wéi déi Jore virdrun, déi sportlech Beweegung an den Zesummenhalt als Klass stoen. Am éischten Tournoi hu mir eis um Coolness Training orientéiert, deen an eiser Gemeng ugebuede gëtt.
Als éischt grouss Kompetitioun hu mir de Fröbeltuerm ausgewielt. T´Logoen an t´Resultater, gesitt dir dann an eiser Rubrik vum Lalli Cup, wou e ganze Wiki iech zur Verfügung steet.
Déi schéin Affiche ass vum Marc Dittgen erstallt ginn, mat der Hëllef vu senge Stagiairen.
De Pausegrupp wënscht de Kanner mee och den Enseignantë vill Spaass beim Tournoi.
Zesumme verschidden, zesumme faarweg
T‘Kanner aus dem C2 hunn den Haff bei der Maison Relais verschéinert. Gemeinsam hunn se déi oeuvre d‘Art erschafft, wou et em Zesummeschaffe gaangen ass.
Schoulfest Lalleng
T'Lallenger Schoul an den Aérodrôme invitéieren iech op hiert t'Schoulfest wat den 5 Juli vun 16h bis 20h stattfënnt. Fir Iessen a Gedrénks, Aktivitéite fir Grouss a Kleng an och fir e flotte Bühneprogramm ass gesuergt. Ganz am Thema vun Disney freeën mir eis op äre Besuch.
Radiosendung beim Radio Ara
An Zesummenaarbecht mam Radio Ara an eiser ICN ass dëse flotte Projet entstanen. Mam Projet ,Ouerschlëffer' konnt d'Klass vun der Madame Cindy hannert Kulisse vum Radio Ara blécken a si konnten eng Sendung ophuelen déi och ausgestraalt ginn ass. Hei drënner kennt dir d'Live Sendung och lauschteren.
Theme vun der Schoul a vun der Klass sinn ausféierlech an der Klass behandelt ginn an ausgeschafft ginn. Virun dass d'Kanner beim Radio Ara ukomm sinn, hu si sech selwer an der Schoul opgeholl an et ass oft widderholl ginn.
Fir déi nächst Jore sinn nach weider Projete mam Radio Ara geplangt an do kann ee gespaant si wat dobäi entsteet. Mir soen dem Radio Ara e grousse Merci fir déi Zesummenaarbecht.
Ausstellung iwwert Beien (mat Video)
De Lallenger Schoulgaart-Aarbechtsgrupp huet fir t'Klassen eng flott Ausstellung iwwert Beien organiséiert an dozou bitt den AG nach an hire Fräistonnen zousätzlech Workshops un, wou t'Klassen sech umelle kënnen.
T'Kanner konnten an de Workshops léiere wéi ee mam Wues e Lippenbalsam an och eng Käerz histelle kann, verschidden Hunnegzorte schmaachen an eng Hunnegschmier iessen. Dozou kruten t'Kanner nach ganz vill Informatiounen déi een iwwert t'Beie wësse muss.
Beie sinn net just kleng Insekten, mä och eng onverzichtbar Hëllef fir de Mënsch an d'Natur. Als Bestëbser vu Planzen, spillen si eng entscheedend Roll fir d'Erhale vun der Aartevillfalt an der Produktioun vu Liewensmëttel. Ouni Beie géife vill vun eisen Uebst a Geméis Zorten net existéieren.
Mini-Jeux Thionville 25 Juni
Am Kader vum Projet „Mini-Jeux Thionville 2024 » hunn t'Klasse vun der Joffer Cindy a vum Här Lehrer Fabrice am Dezember e Bam geplanzt. De Projet vum "Arboretum" gesäit fir, dass fir déi 24 Klassen déi un de Mini-Spiller deelhuelen, jeeweils 1 Bam geplanzt gëtt. Dës Beem stame vun de 5 Kontinenter a si ronderëm de Stadium de Guentrange zu Thionville geplanzt ginn. De 17. Abrëll gouf den "Arboretum" offiziell ageweit. De 25. Juni huele mir dann un de Mini-Spiller deel.