All zesummen a Blo fir d’Kannerrechter!
20.11.2026Am Kader vum Weltkannerdag, den 20. November 2026, huet d'Grondschoul Nonnewisen un der #GoBlue-Aktioun vun UNICEF deelgeholl.
Fir dëse symboleschen Dag ze feieren, hunn eis Schüler*innen an d'Léierpersonal sech blo ugedoen a sech fir eng grouss gemeinsam Foto versammelt.
Mat dëser flotter Aktioun wëll eis Schoulgemeinschaft op d'Wichtegkeet vun de Kannerrechter opmierksam maachen an en Zeeche fir Respekt, Gläichberechtegung an d'Wuelbefanne vun all Kand setzen.
Zesumme maache mir d'Kannerrechter siichtbar!
#GoBlue #UNICEF #Weltkannerdag #Nonnewisen
