
Memo-Run
21.09.2026Et ass nees esou wäit! Schonn zënter 6 Joer trieden d'Klasse vum Cycle 2 bis Cycle 4 beim Lalli Cup géinteneen un. Och dëst Schouljoer waarden nees verschidden Epreuven op eis Schülerinnen a Schüler, bei deenen net nëmme Beweegung, mee och Geschécklechkeet, Teamgeescht an e gudde Kapp gefrot sinn.
Den Optakt mécht dëst Joer de Memo Run, deen de 5. Oktober an der Lallenger Sportshal start.
Hei geet et net nëmmen drëm, séier ze sinn! D'Kanner mussen sech eng bestëmmten Uerdnung vu faarwegen Däppercher ganz genee verhalen. Duerno heescht et: lasslafen, gutt am Kapp behalen, wat ee gesinn huet, an op där anerer Säit déi selwecht Uerdnung nees korrekt noleeën. Konzentratioun, Gediechtnes a Beweegung sinn also gläichermoossen gefrot.
Wéi eng Klass behält och ënner Drock de beschten Iwwerbléck? Wien erënnert sech un all d'Faarwen? A wie sammelt beim éischten Tour déi wichteg Punkten am Kampf ëm de Lalli Cup 2026/2027?
Wéi all Joer kënnt dir de Verlaf vum Lalli Cup op eiser Wiki-Page suivéieren. Do fannt dir d'Resultater an de Klassement, mee och nach vill aner flott Saachen aus eisem Schoulalldag.
Mir wënschen alle Klassen vill Spaass, vill Erfolleg an e gudde Start an déi 6. Editioun vum Lalli Cup!
Wie séchert sech dëst Joer d'Coupe?
Lalli Cup Wiki
