Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Ëmwelterzéiung


logo emwelterzeiung

 

D’Ëmwelterzéiung fir Escher Schoulklassen gëtt beim „Centre Nature et Forêt Ellergronn“ ugebueden.

https://environnement.public.lu/fr/natur-erliewen/centres-d_accueil/ellergronn.html 

 

Wou fannt dir eis? Mir leie südlech vun Esch hannert dem Quartier Hiel. Et kënnt ee bequem mam ëffentlechen Transport mat der Ligne 12 vun Esch aus dohin. Endstatioun ass Place Pierre Ponath.

Mir leien an engem wonnerschéinen Naturreservat mat Weieren, Dréchewisen a Bëscher wou virun e puer Generatiounen nach Biergbau an Dagebau bedriwwe ginn ass, fir Eisenäerz a Kallek ofzebauen.

Wee si mir?  Eist Team besteet aus engem Erzéier an engem Enseignant: Paul Biel a Marc Jentges

Wéi kënnt een un eis? Per Email: ellergronn@anf.etat.lu oder iwwer Telefon 247 56516

Wat bidde mir un a wou fannt dir eise Programm? Mir bidde vill verschidden naturpädagogesch Aktivitéiten zu ënnerschiddlechen Themen un wéi zB “De Mësch an d’Natur”, “Eise Frënd de Bësch”, “D’Déieren am Bësch” oder “Teambuilding am Ellergronn”.

 

Eis ass et wichteg, datt d’Kanner de Bësch mat FREED erliewen, datt si en als een Ëmfeld wouer huelen, dat eis gutt deet a wat derwäert ass geschützt ze ginn. Hei kënnen si am Zesummespill mat hire Komeroden an am Respekt mat der Natur an alle Liewewiesen léieren a wuessen. Dofir sinn eis Aktivitéiten och dobaussen a ganz praktesch orientéiert.

 

Programm 22-23

22-23_Mir_ginn_eraus_den_Ellergronn_entdecken_-_Esch.pdf

Fraeizaeitaktiviteiten_2_Trimester_Esch.pdf