All News
Bastelowend am C1 an C2.2 bei de Fliedermais
11.01.2025Tippi am Schoulgaart
08.01.2025Virun der Vakanz, huet t'Klass vun der Madame Cindy e Weiden-Tippi am Schoulschoulgaart gebaut. Des Aarbecht ass zesumme mat der Madame Brenner Amélie vum Cigl/Léieren am Gaart entstanen. Mir soen hirer Ekipp an de Gäertner vun der Escher Gemeng e grousse merci fir des Kooperatioun.
Concours: Ween huet déi schéinste Chrëschtdags-Dier an der Dellhéicht Schoul?
17.12.2024Chrëschtlech Stëmmung an der Dellhéicht Schoul!
Léierpersonal hun mat hire Kanner hier Dieren an da ganzer Schoul dekoréiert.
Jury wielt déi schéinsten Dier eraus an op eis Gewënnerklass waart ee klenge Präis.
Wanterliichter 2024
17.12.2024D'Kanner vun der Groussgaass Schoul invitéren Iech häerzlech op hier Wanterliichter den 19.Dezember an der Sportshaal vun der Dellhéicht Schoul.
Mir frëen eis op äre Besuch!
Wanterliichter an der Schoul Dellhéicht
12.12.2024Dellhéicht Schoul invitéiert ierch härzlech op hier Wanterliichter den 18. Dezember.
Fir Iessen, Drénken an gudd Stëmmung ass gesuergt! Kommt lanscht, mir frëen eis!
Spillowend bei de Fliedermais 2024
28.10.2024Lalli Cup - 4t Editioun
04.10.2024Och am neie Schouljoer lancéiert de Pausegrupp de Lalli Cup an der Lallenger Schoul. Am Vierdergrond soll, wéi déi Jore virdrun, déi sportlech Beweegung an den Zesummenhalt als Klass stoen. Am éischten Tournoi hu mir eis um Coolness Training orientéiert, deen an eiser Gemeng ugebuede gëtt.
Als éischt grouss Kompetitioun hu mir de Fröbeltuerm ausgewielt. T´Logoen an t´Resultater, gesitt dir dann an eiser Rubrik vum Lalli Cup, wou e ganze Wiki iech zur Verfügung steet.
Déi schéin Affiche ass vum Marc Dittgen erstallt ginn, mat der Hëllef vu senge Stagiairen.
De Pausegrupp wënscht de Kanner mee och den Enseignantë vill Spaass beim Tournoi.
Zesumme verschidden, zesumme faarweg
12.07.2024T‘Kanner aus dem C2 hunn den Haff bei der Maison Relais verschéinert. Gemeinsam hunn se déi oeuvre d‘Art erschafft, wou et em Zesummeschaffe gaangen ass.
Schoulfest Lalleng
04.07.2024T'Lallenger Schoul an den Aérodrôme invitéieren iech op hiert t'Schoulfest wat den 5 Juli vun 16h bis 20h stattfënnt. Fir Iessen a Gedrénks, Aktivitéite fir Grouss a Kleng an och fir e flotte Bühneprogramm ass gesuergt. Ganz am Thema vun Disney freeën mir eis op äre Besuch.