Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Orange oder Zitroun?

24.09.2026

De ganze 4.1 aus der Lallenger Schoul huet zesumme mat der Police vun Esch eng Radarkontroll duerchgefouert. Dobäi duerften d’Kanner selwer mat upaken, der Police e bëssen iwwer d’Schëller kucken an esou e klengen Abléck an d’Aarbecht vun der Police kréien.

Natierlech hunn d’Kanner bei enger klenger Vitessiwwerschreidung kee Protokoll ausgestallt. Amplaz gouf et fir déi betraffe Chaufferen eng Zitroun . Wien sech un d’Vitesslimitatioun gehalen huet, konnt sech dogéint iwwer eng Orange freeën.

Bei engem méi groussen Excès de vitesse wier et allerdéngs net bei Uebst bliwwen: An deem Fall hätt d’Police eng richteg Kontroll duerchgefouert.

Eng flott a léierräich Aktioun, bei där de 4.1 d’Verkéierssécherheet eemol ganz praktesch erliewe konnt!

Réckmeldungen vun de Kanner :

•⁠ ⁠J’ai trouvé le radar cool, parce qu’on peut regarder leur vitesse et on peut les arrêter.
•⁠ ⁠Ech hunn dat mam Radar deck flott fonnt an ech hu gär mat de Leit geschwat.
•⁠ ⁠Ech hunn dat deck cool fonnt, dass ech mam Radar moosse konnt an ech iwwerleeë mir elo op ech och e Polizist well ginn.
•⁠ ⁠Ech hat et gär, well mir hu gesi mat wéi vill km/h d’Autoe fuere.
•⁠ ⁠Ech hoffen, dass se an Zukunft net sou schnell fueren.
•⁠ ⁠Ech hoffen, dass déi déi ze schnell gefuer sinn eng Lektioun geleiert hunn.
•⁠ ⁠Ech hunn et mega cool an elo well ech wierklech Polizistin ginn.
•⁠ ⁠Et war cool fir nozekucken ewéi et ass fir Polizist ze sinn.
•⁠ ⁠Et war cool, well mir d’Geschwindegkeet vun Autoe gemooss hunn.






» Fotoen