Home
Neiegkeeten
Mini-Jeux Thionville 25 Juni
Am Kader vum Projet „Mini-Jeux Thionville 2024 » hunn t'Klasse vun der Joffer Cindy a vum Här Lehrer Fabrice am Dezember e Bam geplanzt. De Projet vum "Arboretum" gesäit fir, dass fir déi 24 Klassen déi un de Mini-Spiller deelhuelen, jeeweils 1 Bam geplanzt gëtt. Dës Beem stame vun de 5 Kontinenter a si ronderëm de Stadium de Guentrange zu Thionville geplanzt ginn. De 17. Abrëll gouf den "Arboretum" offiziell ageweit. De 25. Juni huele mir dann un de Mini-Spiller deel.
Lalli Cup - Baseball
De Lalli Cup kennt op déi läscht Line droite an et kann nach alles passéieren an deenen 3 Cyclen. Och an dësem Trimester mussen sech Kanner rëm ënner Beweis stellen an des Kéier steet de Baseball am Fokus. Wéi ëmmer fannt dir t'Resultater op eisem Lalli Cup - Site.
De Pausegrupp wënscht den Titulairen an de Kanner vill Spaass.
Konschtprojet mam Lisa Junius
Zesumme mat der lëtzebuergescher Kënschtlerin Lisa Junius, konnte Kanner aus de Cyclen 2 a 3 hiert artistescht Talent ënner Beweis stellen. An der Fotosgalerie kënnt dir déi flott Kreatioune kucken.
Ouschteren zu Lalleng
D'Lallenger Schoul engagéiert sech de Kanner verschidden Themewochen un Hand vun Dekoratiounen a passende Bicher ze presentéieren.
Mir invitéieren Iech eis Fotosgalerie hei drënner ze kucken. Do gesitt dir eise flotten neien Eck.