Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Aktuelles

  • Ausstellung iwwert Beien (mat Video)

    De Lallenger Schoulgaart-Aarbechtsgrupp huet fir t'Klassen eng flott Ausstellung iwwert Beien organiséiert an dozou bitt den AG nach an hire Fräistonnen zousätzlech Workshops un, wou t'Klassen sech umelle kënnen.

    T'Kanner konnten an de Workshops léiere wéi ee mam Wues e Lippenbalsam an och eng Käerz histelle kann, verschidden Hunnegzorte schmaachen an eng Hunnegschmier iessen. Dozou kruten t'Kanner nach ganz vill Informatiounen déi een iwwert t'Beie wësse muss.

    Beie sinn net just kleng Insekten, mä och eng onverzichtbar Hëllef fir de Mënsch an d'Natur. Als Bestëbser vu Planzen, spillen si eng entscheedend Roll fir d'Erhale vun der Aartevillfalt an der Produktioun vu Liewensmëttel. Ouni Beie géife vill vun eisen Uebst a Geméis Zorten net existéieren.


  • Mini-Jeux Thionville 25 Juni

    Am Kader vum Projet „Mini-Jeux Thionville 2024 » hunn t'Klasse vun der Joffer Cindy a vum Här Lehrer Fabrice am Dezember e Bam geplanzt. De Projet vum "Arboretum" gesäit fir, dass fir déi 24 Klassen déi un de Mini-Spiller deelhuelen, jeeweils 1 Bam geplanzt gëtt. Dës Beem stame vun de 5 Kontinenter a si ronderëm de Stadium de Guentrange zu Thionville geplanzt ginn. De 17. Abrëll gouf den "Arboretum" offiziell ageweit. De 25. Juni huele mir dann un de Mini-Spiller deel.


  • Lalli Cup - Baseball

    De Lalli Cup kennt op déi läscht Line droite an et kann nach alles passéieren an deenen 3 Cyclen. Och an dësem Trimester mussen sech Kanner rëm ënner Beweis stellen an des Kéier steet de Baseball am Fokus. Wéi ëmmer fannt dir t'Resultater op eisem Lalli Cup - Site.

    De Pausegrupp wënscht den Titulairen an de Kanner vill Spaass.


  • Konschtprojet mam Lisa Junius

    Zesumme mat der lëtzebuergescher Kënschtlerin Lisa Junius, konnte Kanner aus de Cyclen 2 a 3 hiert artistescht Talent ënner Beweis stellen. An der Fotosgalerie kënnt dir déi flott Kreatioune kucken.


Nächst Lescht