Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Aktuelles

  • Ouschteren zu Lalleng

    D'Lallenger Schoul engagéiert sech de Kanner verschidden Themewochen un Hand vun Dekoratiounen a passende Bicher ze presentéieren.

    Mir invitéieren Iech eis Fotosgalerie hei drënner ze kucken. Do gesitt dir eise flotten neien Eck.


  • Lalleng goes Cactus

    De 15 a 16 Mäerz huet d‘Lallenger Schoul virum Cactus zu Lalleng gegrillt.

    Laut dem Cactus ass sou vill verkaf gi wéi nach ni.

    Dowéinst soe mir de Leit déi gehollef hu merci a virun allem den Elteren déi eis iwwert déi 2 Deeg ënnerstëtzt hunn.


  • Interkulturellt Iessen

    De ganze Cycle 4 huet t'Schüler, souwéi hir Elteren an aner Familljememberen op en interkulturellt Iessen invitéiert. Ganz vill Natioune ware présent, wou een déi eenzel kulinaresch Vilfalt entdecke konnt. Dat ganzt stoung net nëmmen ënnert dem Motto vum Iesse, mee och t'Entdeckung vun de verschidde Kulture war e wichtege Punkt. T'Kanner konnte mat hire Frënn, hirer Famill a mam Enseignant e schéinen Owend verbréngen. Verschidden Andréck kennt dir bei de Fotoe fannen.


  • Brain Gym

    Och am 2ten Trimester leeft eise Lalli Cup weider. No engem laangen éischten Trimester huet all Cycle hir éischt Gewënner fonnt an elo heescht et net opginn a weider maachen. Des Kéier mussen t'Kanner net sportlech begaabt sinn, mee et heescht am Duo zesummen eng Taktik ze fanne fir déi meescht Punkten ze sammelen. Wéi et de Numm scho seet, gëtt des Kéier méi t'Gehier a virun allem de Verhalt an de Virgrond gestallt. All Resultater kennt dir op eiser Schoulsäit noliesen.


Éischt Zeréck Nächst Lescht