Passer au contenu principal Passer au menu principal

Actualité

  • Memo-Run

    Et ass nees esou wäit! Schonn zënter 6 Joer trieden d'Klasse vum Cycle 2 bis Cycle 4 beim Lalli Cup géinteneen un. Och dëst Schouljoer waarden nees verschidden Epreuven op eis Schülerinnen a Schüler, bei deenen net nëmme Beweegung, mee och Geschécklechkeet, Teamgeescht an e gudde Kapp gefrot sinn.

    Den Optakt mécht dëst Joer de Memo Run, deen de 5. Oktober an der Lallenger Sportshal start.

    Hei geet et net nëmmen drëm, séier ze sinn! D'Kanner mussen sech eng bestëmmten Uerdnung vu faarwegen Däppercher ganz genee verhalen. Duerno heescht et: lasslafen, gutt am Kapp behalen, wat ee gesinn huet, an op där anerer Säit déi selwecht Uerdnung nees korrekt noleeën. Konzentratioun, Gediechtnes a Beweegung sinn also gläichermoossen gefrot.

    Wéi eng Klass behält och ënner Drock de beschten Iwwerbléck? Wien erënnert sech un all d'Faarwen? A wie sammelt beim éischten Tour déi wichteg Punkten am Kampf ëm de Lalli Cup 2026/2027?

    Wéi all Joer kënnt dir de Verlaf vum Lalli Cup op eiser Wiki-Page suivéieren. Do fannt dir d'Resultater an de Klassement, mee och nach vill aner flott Saachen aus eisem Schoulalldag.

    Mir wënschen alle Klassen vill Spaass, vill Erfolleg an e gudde Start an déi 6. Editioun vum Lalli Cup!

    Wie séchert sech dëst Joer d'Coupe?


  • 5t Editioun Lalli Cup

    Säit nu 5 Joer gëtt et de Lalli Cup an och an dësem Joer spillen t'Klasse vum C2 bis C4 aus, ween da Coupe gewënnt. An engem Schouljoer, wou eng Weltmeeschterschaft stattfënnt, huet sech de Pausegrupp entscheet e Fussballstournoi am éischten Trimester z'organiséieren. Vläit ass jo en zukünftegen Profisportler ënnert eise Schüler an déi kenne schonn hei hiert Talent ënnert Beweis stellen.

    Sou wéi all Joer kënnt dir och t'Resultater op eiser Wiki-Page no kucke goen, wou dir net nëmmen t'Resultater mee nach ganz aner flott Saache kënnt gesinn.


  • Schoulfest Lalleng

    De 5te Juli fënnt eist Schoulfest vun 11h bis 18h statt. Ganz am Thema vun de Faarwen a vun de Kënschtler hoffe mir vill vun iech bei eis unzetreffen.


  • Lalleng goes Cactus II

    Och dëst Joer geet t'Lallenger Schoul erëm bei de Cactus grillen. Dat den 13ten a 14ten Juni. Mir géifen eis freeë souvill Leit wéi méiglech vun iech ze gesinn.


  • Update Schoulgaart

    In den letzten paar Wochen ist viel in unserem Schulgarten passiert:

    Zusammen mit den Kindern aus dem Précoce haben wir Mais und Bohnen gesetzt. Wir haben auch 2 Reihen Kartoffeln in den Boden gesetzt.

    Die kleinen Kinder haben mit unserer Hilfe die Hochbeete bepflanzt. Wir haben Radieschen, Erbsen und Möhren gesät. Die Kinder aus dem C2 haben Salate, Tomaten und Kapuzinerkresse gesät.

    Unsere 2 Bäumchen (Apfelbaum und Birnenbaum) sowie die Johannisbeer-, Brombeer- und Himbeerhecken wachsen am Rande der beiden großen Gartenflächen.

    Das Kräuterbeet und das Erdbeerbeet haben sich auch sehr gut entwickelt und die Erdbeeren tragen schon viele Früchte.

    Das Tipi entwickelt sich auch gut und wird immer grüner. Das Insektenhotel und der Kompost wurden an eine andere Stelle gesetzt.

    Da das Wetter immer besser wird, müssen wir regelmäßig die Pflanzen gießen und das Unkraut zupfen.

    Um den Garten noch schöner zu machen, werden wir in den nächsten Tagen noch verschiedene Blumen und Kräuter pflanzen (Sonnenblumen, Wildblumen, Lavendel, Melisse, usw.). Wir werden auch noch kleine Schilder basteln damit wir genau wissen wo was gesät wurde.

    Wir hoffen dass wir bald verschieden Früchte und Gemüse aus unserem Schulgarten ernten können ☺️


  • Welt-Autismusdag

    An Zesummenaarbecht mam CTSA zu Lalleng, déi och déi flott Iddi haten, hunn sech den Aérodrôme an t’Lallengerschoul bereet erkläert eng symbolesch Foto ze maachen. Ganz a blo, hunn sech t’Kanner an t’Enseignanten am Haff versammelt an doraus sinn déi schéi Biller entstanen.


Suivante Dernière