Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Home

Neiegkeeten

  • Schoulfest Nonnewisen

    D'Schoul Nonnewisen invitéiert häerzlech ob hiert Summerfest 2025 op der Place publique virun der Schoul. Huelt ärch also Donneschden, den 10 Juli Zäit a kommt eis tëschent 16 an 19 Auer besichen.

    Vir Iessen a Gedrénks ass natierlech gesuercht. D'Klassen aus de Nonnewisen, de Fliedermais an och d'MR maachen Optrëtter. Mär iwwerreechen den Erléis vun eisem Spendelaf un Trauerwee Asbl. An zum Schluss ass nach eng Diplomiwwerreechung vum C1 a vum C4 geplangt.

    Loosst ärch also dëst Fest net entgoen. Mär freeën eis op är Visitt.


  • Schoulfest Lalleng

    De 5te Juli fënnt eist Schoulfest vun 11h bis 18h statt. Ganz am Thema vun de Faarwen a vun de Kënschtler hoffe mir vill vun iech bei eis unzetreffen.


  • Schoulfest Brouchschoul

    Schoulfest an der Brouchschoul Mëttwoch den 9. Juli vun 16h30 bis 19h00.


  • Spillmoien

    An de Nonnewisen gëtt Samstes, den 14. Juni déi éischt Editioun vum Spillmoien organiséiert. D'Elteren an d'Kanner aus dem Cycle 2 goufen vun der Schoulekipp invitéiert vir e flotte Spillmoien an der Schoul ze verbréngen.

    Zesumme gëtt gespillt, gelaacht a sech ausgetosch.

    Ziel ass Freed, Spill a Spaass! Nei Spiller kennen ze léieren an e flotte Moien mat der Famill a Frënn ze verbréngen.


Rezent Fotoën

Login