Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

All News

Musée Ferrum

06.06.2024

Zwou Klassen vum C3 hunn d’Aktivitéit

Feier a Speerschleider gemaach!

Et war richteg flott

Coupe Scolaire Dellhéicht 2024

23.05.2024

Dëst Joer wäert de Cycle 4 vun der Dellhéicht nees eng Coupe Scolaire maachen. Dës fënnt Donneschden, den 20. Juni vun 9h00 bis 12h00 statt. Mir géifen dofir all Autofuerer drop opmierksam maachen deen Dag besonnesch gutt opzepassen.

Fir sou vill wéi méigeleg Streckeposten um Circuit vun de Kanner ze hunn, wiere mir Dankbar fir all Hëllef déi mir kënne kréien. Wann dir deen Dag also Zäit a Loscht hutt eis bei der Coupe Scolaire ze hëllefen, kenn dir iech ganz gären op follgender Email Adresse mëllen --> alessandra.casagrande@education.lu

Mir soen iech MERCI am viraus. :)


Radiosendung beim Radio Ara

20.05.2024

An Zesummenaarbecht mam Radio Ara an eiser ICN ass dëse flotte Projet entstanen. Mam Projet ,Ouerschlëffer' konnt d'Klass vun der Madame Cindy hannert Kulisse vum Radio Ara blécken a si konnten eng Sendung ophuelen déi och ausgestraalt ginn ass. Hei drënner kennt dir d'Live Sendung och lauschteren.

Theme vun der Schoul a vun der Klass sinn ausféierlech an der Klass behandelt ginn an ausgeschafft ginn. Virun dass d'Kanner beim Radio Ara ukomm sinn, hu si sech selwer an der Schoul opgeholl an et ass oft widderholl ginn.

Fir déi nächst Jore sinn nach weider Projete mam Radio Ara geplangt an do kann ee gespaant si wat dobäi entsteet. Mir soen dem Radio Ara e grousse Merci fir déi Zesummenaarbecht.

Sportswoch

17.05.2024

An der École Nonnewisen fënnt vum 21. bis de 24. Mee eng Sportswoch statt.

Alles dréint sech ëm Thema Sport, Ernährung, Gesondheet a Wuelbefannen. D'Klasse maachen all Dag vill Beweegungspausen an sportlech Aktivitéiten an der Klass, behandelen Themen iwwert gesond Ernährung an der Science a schwätzen iwwert d'Gesondheet an d'Wuelbefannen am Vieso-Kuer.

Zesummen mat Escher Sportsveräiner kréien d'Kanner een Androck a verschidde Sportarten. All Cycle huet e bestëmmten Dag, wou si un desen Aktivitéiten deelhuelen.

Am Cycle1 bei de Fliedermais piipst et

17.05.2024

Laang a ganz ongedëlleg hu mir gewaart an all Moien an d'Këscht gekuckt.

Bis et no 20 Deeg endlech esou wäit war an eis dat eischt Piipsen moies begréisst huet.

Eng Woch laang hu si eis vill Freed gemaach an elo hunn 11 kleng Jippelcher een neit doheem beim Sofia a Ben fonnt.

Hei stäerke si sech nach e bëssen, eier si eraus an hiere vlotte Gaart kënne bei déi aner Hinger goen.

Spendelaf

16.05.2024

Spendelaf Donneschdes den 16. Mee 2024

MIR hunn 2160 EURO gesammelt fir d’Fondatioun Wonschstär!

Moart fir de gudden Zweck C1 Macon

08.05.2024

Den C1 vum Macon huet mat desem flotten Moart 1580 Euro gesammelt déi si spenden!

Eng super Initiativ

Ausstellung iwwert Beien (mat Video)

06.05.2024

De Lallenger Schoulgaart-Aarbechtsgrupp huet fir t'Klassen eng flott Ausstellung iwwert Beien organiséiert an dozou bitt den AG nach an hire Fräistonnen zousätzlech Workshops un, wou t'Klassen sech umelle kënnen.

T'Kanner konnten an de Workshops léiere wéi ee mam Wues e Lippenbalsam an och eng Käerz histelle kann, verschidden Hunnegzorte schmaachen an eng Hunnegschmier iessen. Dozou kruten t'Kanner nach ganz vill Informatiounen déi een iwwert t'Beie wësse muss.

Beie sinn net just kleng Insekten, mä och eng onverzichtbar Hëllef fir de Mënsch an d'Natur. Als Bestëbser vu Planzen, spillen si eng entscheedend Roll fir d'Erhale vun der Aartevillfalt an der Produktioun vu Liewensmëttel. Ouni Beie géife vill vun eisen Uebst a Geméis Zorten net existéieren.

Konscht am Quartier

29.04.2024

Mär invitéieren ärch mat Freed op d'Ausstellung vum Konschtprojet vum Cycle 1 aus de Nonnewisen.

Mini-Jeux Thionville 25 Juni

23.04.2024

Am Kader vum Projet „Mini-Jeux Thionville 2024 » hunn t'Klasse vun der Joffer Cindy a vum Här Lehrer Fabrice am Dezember e Bam geplanzt. De Projet vum "Arboretum" gesäit fir, dass fir déi 24 Klassen déi un de Mini-Spiller deelhuelen, jeeweils 1 Bam geplanzt gëtt. Dës Beem stame vun de 5 Kontinenter a si ronderëm de Stadium de Guentrange zu Thionville geplanzt ginn. De 17. Abrëll gouf den "Arboretum" offiziell ageweit. De 25. Juni huele mir dann un de Mini-Spiller deel.

Eischt Viregt Nächst Lescht