Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

All News

Spillowend bei de Fliedermais 2024

28.10.2024

Am Kader vun eisem PDS huet den C1 bei de Fliedermais an den C2.1 en Spillowend fir d'Kanner mat hieren Elteren organiséiert.

Lalli Cup - 4t Editioun

04.10.2024

Och am neie Schouljoer lancéiert de Pausegrupp de Lalli Cup an der Lallenger Schoul. Am Vierdergrond soll, wéi déi Jore virdrun, déi sportlech Beweegung an den Zesummenhalt als Klass stoen. Am éischten Tournoi hu mir eis um Coolness Training orientéiert, deen an eiser Gemeng ugebuede gëtt.

Als éischt grouss Kompetitioun hu mir de Fröbeltuerm ausgewielt. T´Logoen an t´Resultater, gesitt dir dann an eiser Rubrik vum Lalli Cup, wou e ganze Wiki iech zur Verfügung steet.

Déi schéin Affiche ass vum Marc Dittgen erstallt ginn, mat der Hëllef vu senge Stagiairen.

De Pausegrupp wënscht de Kanner mee och den Enseignantë vill Spaass beim Tournoi.

Zesumme verschidden, zesumme faarweg

12.07.2024

T‘Kanner aus dem C2 hunn den Haff bei der Maison Relais verschéinert. Gemeinsam hunn se déi oeuvre d‘Art erschafft, wou et em Zesummeschaffe gaangen ass.

Schoulfest Lalleng

04.07.2024

T'Lallenger Schoul an den Aérodrôme invitéieren iech op hiert t'Schoulfest wat den 5 Juli vun 16h bis 20h stattfënnt. Fir Iessen a Gedrénks, Aktivitéite fir Grouss a Kleng an och fir e flotte Bühneprogramm ass gesuergt. Ganz am Thema vun Disney freeën mir eis op äre Besuch.


Schoulfest Dellhéicht

01.07.2024

Dellhéicht Schoul invitéiert ierch härzlech op hiert Schoulfest den 10. Juli.

Fir Iessen, Drénken an gudd Stëmmung ass gesuergt! Kommt lanscht, mir frëen eis!


Schoulfest Groussgaass

01.07.2024

D'Groussgaass invitéiert Iech häerzlech op hiert traditionnellt Schoulfest den Mettwoch, 10. Juli 2024.

Aktivitéiten iwert den gaanzen Daag!

Fir Iessen an Drenken ass gesuergt!

Kommt mat eis féieren! Mir frëen eis op ärt Besuch!


Summerfest Nonnewisen 25.06

20.06.2024

D'École Nonnewisen invitéiert ärch all häerzlech ob hiert Summerfest 2024. Vir Iessen, Gedrénks a Spektakel ass gesuergt.

Mär lafen fir de gudden Zweck

14.06.2024

De Generatiounscampus Wobrecken organiséiert vum 3.6.2024 bis de 14.6.2024 olympesch Woche wärend deenen d'Kanner verschidde Sportatelieren an den Turnstonne proposéiert kréien.

De 14ten Juni lafe sämtlech Kanner vum Generatiounscampus, mat Ënnerstëtzung vun de Bewunner aus dem Elysis, symbolesch d'Distanz vu Lëtzebuerg op Paräis am Stade Lankelz.

Des Course gëtt vun den Eltere parrainéiert déi, pro Tour wou hiert Kand leeft, 1€ bezuelen. Den Don vun de gesammelte Suen ass fir de Comité paralympique Luxembourg.

Schoulfest

11.06.2024

Mëttwochs, den 10. Juli vun 16h30 bis 19h00 am Haff vun der Bruchschoul.


Nächst Lescht