Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen


Aktuelles

  • Summerfest Nonnewisen 2026

    D'Schoul Nonnewisen invitéiert häerzlech ob hiert Summerfest 2026 op der Place publique virun der Schoul. Huelt ärch also Méindes, den 13 Juli Zäit a kommt eis tëschent 17 an 20 Auer besichen.

    Vir Iessen a Gedrénks ass natierlech gesuercht. D'Klassen aus de Nonnewisen, de Fliedermais an och d'MR maachen Optrëtter. Mär iwwerreechen den Erléis vun eisem Spendelaf. An zum Schluss ass nach eng Diplomiwwerreechung vum C4 geplangt.

    Loosst ärch also dëst Fest net entgoen. Mär freeën eis op är Visitt.


  • Sportswoch Nonnewisen

    An der École Nonnewisen fënnt vum 18. bis de 22. Mee eng Sportswoch statt.

    Alles dréint sech ëm Thema Sport, Ernährung, Gesondheet a Wuelbefannen. D'Klasse maachen all Dag vill Beweegungspausen an sportlech Aktivitéiten an der Klass, behandelen Themen iwwert gesond Ernährung an der Science a schwätzen iwwert d'Gesondheet an d'Wuelbefannen am Vieso-Kuer.

    Zesummen mat Escher Sportsveräiner kréien d'Kanner een Androck a verschidde Sportarten. All Cycle huet e bestëmmten Dag, wou si un desen Aktivitéiten deelhuelen.

    E Spendelaaf Freides, den 22. Mai ass als Oofschloss vun der Sportswoch geplangt.


  • Elterevertrieder

    Hei d'Elterevertrieder vir d'Joeren 2025-2028.

    D'Elterevertrieder hunn ëmmer een oppent Ouer.


  • Wanterfest - Let it sNOWI!

    D'Schoul Nonnewisen invitéiert häerzlech op hiert Wanterfest 2025.

    Mëttwochs, den 17. Dezember ab 17h00.

    Fir Iessen a Gedrénks a gesuercht.

    Kleng Optrëtter gi vun de Schoulklassen präsentéiert.

    Um Märtchen gi gebastelt Saache verkaaf.

    Loosst ärch dëse flotten Owend net entgoën. Mär freën eis op är Visite!


  • NOWI-Gaart

    Nodeems de Cycle 4 zesumme mam Centre Formida e wonnerschéint Schëld erstallt hunn, krut eise Gaart endlech säin Numm.

    De NOWI-Gaart wäert also an Zukunft vir pädagogesch Aktivitéiten op sinn an de Kanner vill nei Saache weisen a bäibréngen.

    De Cycle 1 huet dann nach wonnerschéin individuell Vullenhaisecher gebastelt, déi dann och un de Beem am Haff opgehaange goufen.


  • Schoulfest Nonnewisen

    D'Schoul Nonnewisen invitéiert häerzlech ob hiert Summerfest 2025 op der Place publique virun der Schoul. Huelt ärch also Donneschden, den 10 Juli Zäit a kommt eis tëschent 16 an 19 Auer besichen.

    Vir Iessen a Gedrénks ass natierlech gesuercht. D'Klassen aus de Nonnewisen, de Fliedermais an och d'MR maachen Optrëtter. Mär iwwerreechen den Erléis vun eisem Spendelaf un Trauerwee Asbl. An zum Schluss ass nach eng Diplomiwwerreechung vum C1 a vum C4 geplangt.

    Loosst ärch also dëst Fest net entgoen. Mär freeën eis op är Visitt.


Nächst Lescht