Aktuelles
Summerfest Nonnewisen 25.06
D'École Nonnewisen invitéiert ärch all häerzlech ob hiert Summerfest 2024. Vir Iessen, Gedrénks a Spektakel ass gesuergt.
Sportswoch
An der École Nonnewisen fënnt vum 21. bis de 24. Mee eng Sportswoch statt.
Alles dréint sech ëm Thema Sport, Ernährung, Gesondheet a Wuelbefannen. D'Klasse maachen all Dag vill Beweegungspausen an sportlech Aktivitéiten an der Klass, behandelen Themen iwwert gesond Ernährung an der Science a schwätzen iwwert d'Gesondheet an d'Wuelbefannen am Vieso-Kuer.
Zesummen mat Escher Sportsveräiner kréien d'Kanner een Androck a verschidde Sportarten. All Cycle huet e bestëmmten Dag, wou si un desen Aktivitéiten deelhuelen.
Am Cycle1 bei de Fliedermais piipst et
Laang a ganz ongedëlleg hu mir gewaart an all Moien an d'Këscht gekuckt.
Bis et no 20 Deeg endlech esou wäit war an eis dat eischt Piipsen moies begréisst huet.
Eng Woch laang hu si eis vill Freed gemaach an elo hunn 11 kleng Jippelcher een neit doheem beim Sofia a Ben fonnt.
Hei stäerke si sech nach e bëssen, eier si eraus an hiere vlotte Gaart kënne bei déi aner Hinger goen.
Konscht am Quartier
Mär invitéieren ärch mat Freed op d'Ausstellung vum Konschtprojet vum Cycle 1 aus de Nonnewisen.
Gesonde Frühstücksbuffet am C1 bei de Fliedermais
De Cycle 1 bei de Fliedermais huet e Samschten den 20. Abrëll zesumme mat de Kanner an hiren Elteren ee gesonde Frühstücksbuffet gemaach.
Als eischt gouf an Atelieren alles preparéiert an duerno zesumme gutt giess :)
Mär soen allen Elteren a Kanner MERCI fir dee vlotten Moien a freeën eis op eis nächst gemeinsam Aktivitéit
« Der Punkt » von Peter H. Reynolds
Die Nowi-Schule, vom Cycle 1 bis Cycle 4, hat gemeinsam an einem Projekt teilgenommen, bei dem das Bilderbuch "Der Punkt" im Mittelpunkt stand.
Dieses Buch diente als Ausgangspunkt für ein Gemeinschaftsbild und um die Freude am Lesen bei den Schülern zu fördern.
Durch die Geschichte « der Punkt » wurden wichtige Werte vermittelt, wie Zusammenhalt und die Idee, dass man Schwierigkeiten überwinden kann, indem man den ersten Schritt macht.
Diese Metapher kann den Schülern helfen, nicht nur schulische Probleme, sondern auch andere Herausforderungen besser zu bewältigen.
Insgesamt hat dieses Projekt die Schüler dazu ermutigt:
- kreativ zu sein,
- die Gemeinschaft zu stärken und
- den Spaß am Lesen in der gesamten Schule zu fördern.