
Sportswoch Nonnewisen
01.05.2026An der École Nonnewisen fënnt vum 18. bis de 22. Mee eng Sportswoch statt.
Alles dréint sech ëm Thema Sport, Ernährung, Gesondheet a Wuelbefannen. D'Klasse maachen all Dag vill Beweegungspausen an sportlech Aktivitéiten an der Klass, behandelen Themen iwwert gesond Ernährung an der Science a schwätzen iwwert d'Gesondheet an d'Wuelbefannen am Vieso-Kuer.
Zesummen mat Escher Sportsveräiner kréien d'Kanner een Androck a verschidde Sportarten. All Cycle huet e bestëmmten Dag, wou si un desen Aktivitéiten deelhuelen.
E Spendelaaf Freides, den 22. Mai ass als Oofschloss vun der Sportswoch geplangt.
