Aktuelles
Schoulfest Nonnewisen
D'Schoul Nonnewisen invitéiert häerzlech ob hiert Summerfest 2025 op der Place publique virun der Schoul. Huelt ärch also Donneschden, den 10 Juli Zäit a kommt eis tëschent 16 an 19 Auer besichen.
Vir Iessen a Gedrénks ass natierlech gesuercht. D'Klassen aus de Nonnewisen, de Fliedermais an och d'MR maachen Optrëtter. Mär iwwerreechen den Erléis vun eisem Spendelaf un Trauerwee Asbl. An zum Schluss ass nach eng Diplomiwwerreechung vum C1 a vum C4 geplangt.
Loosst ärch also dëst Fest net entgoen. Mär freeën eis op är Visitt.
Spillmoien
An de Nonnewisen gëtt Samstes, den 14. Juni déi éischt Editioun vum Spillmoien organiséiert. D'Elteren an d'Kanner aus dem Cycle 2 goufen vun der Schoulekipp invitéiert vir e flotte Spillmoien an der Schoul ze verbréngen.
Zesumme gëtt gespillt, gelaacht a sech ausgetosch.
Ziel ass Freed, Spill a Spaass! Nei Spiller kennen ze léieren an e flotte Moien mat der Famill a Frënn ze verbréngen.
Nowi Réidecher
De Nowi Gaart blitt a voller Pracht. D'Kanner hu sech dëst Joer besonneg druginn vir am Gaart ze schaffen.
Elo ass et esou wäit an d'Kanner aus dem C3 konnten d'Réidecher eraushuelen. Se goufe gewäsch an un all d'Kanner aus der Schoul verdeelt. Dat war e Genoss!
Och de Recht vum Gaart mëscht sech richteg gutt.
Sportswoch
An der École Nonnewisen fënnt vum 19. bis de 23. Mee eng Sportswoch statt.
Alles dréint sech ëm Thema Sport, Ernährung, Gesondheet a Wuelbefannen. D'Klasse maachen all Dag vill Beweegungspausen an sportlech Aktivitéiten an der Klass, behandelen Themen iwwert gesond Ernährung an der Science a schwätzen iwwert d'Gesondheet an d'Wuelbefannen am Vieso-Kuer.
Zesummen mat Escher Sportsveräiner kréien d'Kanner een Androck a verschidde Sportarten. All Cycle huet e bestëmmten Dag, wou si un desen Aktivitéiten deelhuelen.
E Spendelaaf Freides, den 23. Mai ass als Oofschloss vun der Sportswoch geplangt.
Concert - NOWI Chorale
D'NOWI Chorale aus der Ecole Nonnewisen invitéiert häerzlech ob hiere Concert de 25. Mäerz 2025. D'Kanner aus dem Cycle 4 sangen Ärch ageprouften Lidder vir.