All News
Bibliothéik
10.10.2022Eis néi Bibliothéik ass endlech op, d'Schüler aus all den Cyclen konnten hiert éischt Bicher ausléinen
Pedibus
07.07.2022La Ville d’Esch-sur-Alzette a mis en place un service PEDIBUS dans 4 écoles, Bruch, Lallange, Nonnewisen et Dellhéicht. PEDIBUS ESCH asbl. organise les trajets des enfants entre leur domicile et l’école. Les enfants attendent le PEDIBUS à différents points de ralliement convenus (arrêts signalisés par des panneaux) et seront accompagnés à pied par des adultes sur leur trajet à l’école.
Sécurité Routière C1 an C4
20.06.2022D'Kanner aus dem Cycle 4 ware frou, dem Cycle 1 ze weisen, wéi ee sécher iwwert Strooss kënnt. Dofir hu si hier Erfarung an dat wat si selwer am Kader vun der Coupe Scolaire geléiert hu gebraucht, fir deene Klengen e Virbild ze sinn.
Am Ellergronn op der Sich no Insekten
16.06.2022E flotten sonnegen Dag am Ellergronn op der Sich no Insekten. Mir haten d‘Chance vill Päiperléken an Heesprénger ze fänken, se ze observéieren an se duerno natierlech erëm fräi ze loossen. Awer och Spannen mat hieren Eeër hunn mer fonnt, obwuel dat jo keen Insekt ass, well se 8 Been a keng 6 hun. Mat Hëllef vu Bicher an der App Google Lens konnten mir hier genau Nimm erëmfannen.
Baken an der Kichen
16.06.2022Och gebak gëtt an eiser équippéierter Kichen am Keller mam Resultat: Regenbogenkuchen.
BMW Art Cars
16.06.2022Och haten mir d‘Chance d’Expositioun vun den BMW ART CARS um Site Arbed-Schëffleng kënnen live ze gesinn. Mir konnten déi original Autoen wou haut bis zu 500’000’000€ kéinten versteet ginn kucken an fotograféieren. Den Auto (mat der Nummer 76) vum berühmten Kënschtler Andy Warhol ass deen deiersten Auto op der Welt.
Deemools 1975 huet den Rennfahrer Hervé Poulain d‘Idee gehat seng Hobby‘en, d‘Konscht an de Motosport ze verbannen, mat Succès, BMW huet déi Idee och gefall an seng Autoen zur Verfügung gestallt. Déi éicht 4 Joer sinn déi Konschtautoen och wierklech Coursen gefuer an et huet dem Publikum gefall Konschtwierker op der Rennstreck ze bestaunen.
Mir waarde ganz gespaant op dee nächsten Konschtauto.