Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

All News

Musée des mines

17.06.2022

Musée des mines zu Rëmeleng. (Cycle 3)

Am Ellergronn op der Sich no Insekten

16.06.2022

E flotten sonnegen Dag am Ellergronn op der Sich no Insekten. Mir haten d‘Chance vill Päiperléken an Heesprénger ze fänken, se ze observéieren an se duerno natierlech erëm fräi ze loossen. Awer och Spannen mat hieren Eeër hunn mer fonnt, obwuel dat jo keen Insekt ass, well se 8 Been a keng 6 hun. Mat Hëllef vu Bicher an der App Google Lens konnten mir hier genau Nimm erëmfannen.

Baken an der Kichen

16.06.2022

Och gebak gëtt an eiser équippéierter Kichen am Keller mam Resultat: Regenbogenkuchen.

BMW Art Cars

16.06.2022

Och haten mir d‘Chance d’Expositioun vun den BMW ART CARS um Site Arbed-Schëffleng kënnen live ze gesinn. Mir konnten déi original Autoen wou haut bis zu 500’000’000€ kéinten versteet ginn kucken an fotograféieren. Den Auto (mat der Nummer 76) vum berühmten Kënschtler Andy Warhol ass deen deiersten Auto op der Welt.
Deemools 1975 huet den Rennfahrer Hervé Poulain d‘Idee gehat seng Hobby‘en, d‘Konscht an de Motosport ze verbannen, mat Succès, BMW huet déi Idee och gefall an seng Autoen zur Verfügung gestallt. Déi éicht 4 Joer sinn déi Konschtautoen och wierklech Coursen gefuer an et huet dem Publikum gefall Konschtwierker op der Rennstreck ze bestaunen.
Mir waarde ganz gespaant op dee nächsten Konschtauto.

Projet Zesummen

15.06.2022


Arbechten um Cours Portugais aus dem Cycle 3 zum Thema "Zesummen".

Os trabalhos feitos pelos alunos do ciclo 3 relativos ao projeto "Zesummen".

Buch "Seine eigene Farbe"

14.06.2022

Den C3 huet an der Klass d’Buch "Seine eigene Farbe" gelies an ass et an aaner Klasse virstelle gaangen.

Fir e proppere Quartier

13.06.2022

Mat alle Mëttelen versichen eis Schüler de Wee virun der Schoul propper ze halen.
Nieft Plakater goufen Hondskéipercher aus Leem gebastelt.
Hoffe mer, datt et eppes bréngt well kee Mënsch trëppelt gär an den Hondsdreck!

Bongert Brouch – De Buedem kënnt

09.06.2022

Kanner aus dem C2 a C4 hunn fläisseg de Buedem an Eemeren an Schubbkare geschëppt fir déi flott nei Hochbeeter an de Schoulgaart fir d'Brouchschoul opzefëllen. No 2 1/2 Stonn schaffen, waren 10 m3 Buedem verdeelt.

Schoulfest um Brouch den 6. Juli 2022

14.05.2022

Schoulfest um Brouch den 6. Juli 2022
Flott Aktivitéiten fir d'Kanner ginn deen Dag organiséiert.

Eischt Viregt Nächst Lescht