Centre de Logopédie
De Centre de Logopédie huet eng Klass am Cycle 1 an eng am Cycle 2 an der Schoul Wobrecken. D’Klasse gi jeeweils vun enger interdisziplinärer Ekipp encadréiert a des besteet aus engem Professeur d’enseignement logopédique, Enseignant, Educateur a Psychomotricienne.
Ier d’Schüler mat enger spezifescher Sproochentwécklungsstéierung an dësen zwou Annexeklassen vum Kompetenzzenter CL ageschriwen ginn, muss dës Schoulform an enger nationaler Kommissioun fir Inklusioun (CNI) festgeluecht sinn.
Déi sproochspezifesch Förderzieler bestëmmen d’Unterrechtsplanung vum pädagogeschen Team. Sou profitéieren déi Schüler vun engem spezifeschen, entwécklungsorientéierten Enseignement, deen op där enger Säit op hier individuell Besoin'en op alle Sproochebenen ageet an op där anerer Säit d'Kompetenzufuerderungen vun der Reegelschoul am Bléck huet, fir eng beschtméiglech Inklusioun am Uschloss kënnen ze garantéieren.
