Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Virliesconcours



All Joer gëtt am Cycle 4 e Virliesconcours organiséiert.

Di 7 Klassen aus dem C4 hunn beim Virliesconcours matgemaach. Si hunn an hire Klass nom beschte Virlieser gesicht. Des 7 Gewënner sinn dono an der Bibliothéik géinteneen ugetruede fir de beschte Virlieser vun der Bruchschoul ze ermëttelen.

Klass Becker Laurence: Dylan

Klass Dentzer Tessy: Jason

Klass Marxen Lynn: Merin

Klass Werecki Julie: Francesco

Klass Heisbourg Laure: Nastasya

Klass Muller Thomas: Laura

Klass Thilges Norbert: Merisa

Di 7 Schüler hu missten ee bekannten an een onbekannten Text virliesen.

All Participant krut ee Bicherpräis. Fir de Francesco gouf et nach Schampes dobäi. Hee representéiert d’Bruchschoul an der Halleffinall am groussen Theater den 1.Juni wou hie muss op der grousser Bühn géint d’Gewënner aus den anere Schoulgebaier di matmaachen (Dellhéicht, Lalléng, Ale Lycée, Groussgaass a Brill) untrieden.

Update: De Francesco huet di zweet Plaz gemat op der Halleffinal am Escher Theater. Bravo!

Virliesconcours 2014/ 2015
7 Klassen aus dem C4 hunn beim Virliesconcours matgemaach. Si hunn an hire Klass nom beschte Virlieser gesicht. Des 7 Gewënner sinn dono an der Bibliothéik géinteneen ugetruede fir de beschte Virlieser vun der Bruchschoul ze ermëttelen.

D’Gewënner aus deenen 7 Klassen di matgemaach hunn.

4.1 Klass Finzi Patrizia : Jason

4.1 Klass Lehnen Jil: Gilles

4.1 Klass Marxen Lynn: Merin

4.1 Klass Thein Michelle: Francesco

4.2 Klass Heisbourg Laure: Joana

4.2 Klass Therwer Claude: Ines

4.2 Klass Thilges Norbert: Yann

Di 7 Schüler hu missten ee bekannten an een onbekannten Text virliesen.

D’Bewäertungscritèrë waren: Haart/lues, Vitesse, Däitlechkeet, Feeler, Betounung a Presentatioun.

Nodeem di 7 Schüler hir Texter virgelies haten, gouf vun enger Jury de Gewënner ermëttelt.

All Participant krut ee Bicherpräis. Fir d’Joana gouf et nach Schampes dobäi. Hatt representéiert d’Bruchschoul an der Halleffinall am Conservatoire den 20.5 wou hat muss op der grousser Bühn géint d’Gewënner aus den anere Schoulgebaier di matmaachen (Dellhéicht, Groussgaass a Brill) untrieden.

Update: D’Joana ass dat drëtt vu véier ginn an der Halleffinall den 20.5 am Conservatoire.