
Schoulfest 11.7
16.06.2026D'Schoul Lalleng invitéiert häerzlech op hiert Summerfest ënnert dem Motto „Around the World“ am Schoulhaff. Huelt Iech Samschdes, den 11. Juli 2026 Zäit a kommt eis tëschent 12 a 17 Auer besichen.
Fir Iessen a Gedrénks ass natierlech gesuergt. D'Kanner presentéieren hir Optrëtter a suerge fir e flotte Programm.
Ausserdeem steet d'Diplomiwwerreechung vum C4 um Programm. Den traditionelle Lalli Cup däerf natierlech och net feelen a gëtt um Enn vum Fest iwwerreecht.
Loosst Iech dëse flotten Nomëtteg net entgoen. Mir freeën eis op Är Visitt a wënschen Iech vill Freed bei eiser Rees „Around the World“.
