
Spillmoien
07.06.2025An de Nonnewisen gëtt Samstes, den 14. Juni déi éischt Editioun vum Spillmoien organiséiert. D'Elteren an d'Kanner aus dem Cycle 2 goufen vun der Schoulekipp invitéiert vir e flotte Spillmoien an der Schoul ze verbréngen.
Zesumme gëtt gespillt, gelaacht a sech ausgetosch.
Ziel ass Freed, Spill a Spaass! Nei Spiller kennen ze léieren an e flotte Moien mat der Famill a Frënn ze verbréngen.