Viz am Ellergronn
27.10.2022Am Oktober waren d‘Kanner aus dem C2.1 an C2.2 am Ellergronn fir Viz ze maachen.
Am Oktober waren d‘Kanner aus dem C2.1 an C2.2 am Ellergronn fir Viz ze maachen.
De Camille huet ons di schaarf Messere vum Hechsler gewisen. Dono hu mer Aepoel an den Triichter geheit an den Hechsler huet d‘Aeppel ganz reng geschnidden.
Den Aeppelbräi koum dun an eng grouss Trommel mat Lächer iwwert déi de Camille e Saak gezunn hat. Dunn as am Kelter e Ballon elektrësch opgeblose gin.
De Ballon huet de Bräi widdert d‘Trommel gepresst an dun as de Viz an d‘Eemere gelaf.
Ei huet de Jus gudd geschmaacht!
Den Andy huet all eis Fläsche mat séissem Viz gefëllt.
Dat wor e flotte Moien am Ellergronn!
» Fotoen