Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Brunch am C1 an C3.1 bei de Fliedermais

09.02.2025

Den 8. Februar hu mir bei de Fliedermais zesumme mat de Kanner aus dem C1 an dem C3.1 an hiren Elteren e gesonde Frühstücksbuffet virbereet, deen herno zesumme giess ginn ass. Am Kader vun eisem PDS wollte mir heiduerch den Austausch tëscht den Elteren, der Schoul an de Matschüler förderen an den Elteren eventuell e puer nei Iddien mat op de Wee gi, wéi si zesumme mat hire Kanner e gesond Frühstück virbereede kennen.
Mir soen allen Elteren, Bomaen a Kanner, déi un dësem Moien deelgeholl hunn, villmools Merci!