Léiwer Härgottsblieschen...
02.02.2023" Léiwer Härgottsblieschen..." huet een d'Kanner haut héiere sangen, wu eng Klass bei aner liichte gaang as. An deene mi däischtere Gäng vun eiser Schoul hun d'Lampions schéi geliicht. Natirlëch haten di Kleng aus dem Cycle 2 hir Tuuten dobäi, di mat Kamelle, Nëss, Schokola a Mandarine gefëllt goufen.
Ënnerwee am Quartier sin si de Butzen aus der Spillschoul begéint, di och fläisseg gesongen hun.
Watfir eng schéin Traditioun!
» Fotoen