Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Halleffinal vum Virliesconcours

20.06.2018

De 17. Mai huet déi Escher Halleffinal vum Virliesconcours am Theater stattfonnt.

5 Kandidatinnen aus de Schoulen Lalléng, Dellhéicht, Brouch , Ale Lycée a Groussgass haten sech qualifizéiert an hunn dem Publikum flott Extraiten aus hire Bicher iwer d’Thema « Courage » virgelies.
 
Schüler(innen) aus dem LTE hu fir e flotten Rahmenprogramm gesuergt an d’Maryse Lallemand huet dat d’Ganzt moderéiert.
 
D’Jury haut bestanen  aus de 5 Bibliothécairen aus de jeweilege Schoulen, den 2 Escher Librairen ,  engem Vertrieder vun der Escher Bibliothéik, dem Här Jacoby aus der Direction Régionale an dem Direkter vum LTE. Si waren sech och schnell eens an d’Gewënnerin 2018 kënnt aus der Lallénger Schoul. D’ Anisa vertrëtt dann Esch den 26.Juni an der Final zu Miersch.