Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Eist Buch iwwer „Meenungsfräiheet“ ass eraus!

02.01.2018

„Meenungsfräiheet – wat ass dat?“, sou heescht eist Buch, dat grad erauskomm ass (Edition Le Phare). Mir sinn 31 Schüler vun der Escher Brillschoul a mat eise Léierinnen Delia Pifarotti a Viviane Goffinet hu mir 15 Méint laang un engem Projet iwwer Meenungsfräiheet geschafft.

Buch online kaafen

Mir hate fir d’éischt de „Concours jeune journaliste 2016“ an eiser Kategorie (Cycle 3) gewonnen. D’Thema war „La liberté d’expression, ça s’apprend“. Vill prominent Leit haten op eis zwou Froe geäntwert:

Wat ass fir Iech Meenungsfräiheet?
Iwwert wat wëllt der Iech fräi ausdrécken?
Et huet eis mega gefall sou eng Recherche ze maachen a mir hunn decidéiert weiderzefueren an e Buch doraus ze maachen.

Mir sinn op vill interessant Plazen invitéiert ginn, wei d’Chamber, d’Etude vum Me Gaston Vogel, de Studio vun RTL an der Sendung „Kloertext“, d’Rockhal, d’Conservatoirë vun Esch a vun der Stad, mir hunn Zeechnungen, Bicher, Autogrammer kritt, souguer eng Karikatur vu „Charlie Hebdo“. A mir hunn Äntwerten aus der ganzer Welt kritt, och aus Amerika a Neuseeland. De Cover vun eisem Buch huet de Peter Carnavas aus Australien fir eis gemoolt.

An eisem Buch vun 356 Säiten si vill Fotoe mat den 160 Perséinlechkeeten, déi matgemaach hunn. Eng fantastesch schoulesch a journalistesch Aventure ass et ginn! An hei e puer Fotoe vun eisem Vernissage an der Virstellung vum Buch den 28. November 2017.

Per e-Mail kënnt der d’Buch och bestellen (Präis : 29 €): lephare@editpress.lu oder delia.pifarotti@villeesch.lu