Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Aktivitéiten

Neiegkeeten


Déirenbesuch zu Ënsber

21.04.2023

Fir vun Zäit zu Zäit nach méi Liewen op de Site ze kréien, loosse mir d'Mélanie mat senger "Déirengang" bei eis kommen.

D'Kanner kréien am Detail erklärt wat den Ënnerscheet tëschent deenen verschidden Déieren ass an d'Kanner kennen all Déier upaken.

De Kontakt mam Déier berouegt vill Kanner an et ass fir vill Kanner eng ganz néi Erfarung.



» Detailer




Ouschteren_23

21.04.2023

Dank dem schéine Wieder an der Ouschtervakanz, konnte mir vill schéin Aktivitéiten an der Natur machen.

Mir hunn XXL Ouschtereeër gemoolt, een XXL Ouschterhues beim Stau geluecht an d'Kanner konnte vill op der Wiss spillen.



» Detailer
» Fotoen




Fudderstellen fir Villercher

18.01.2023

Zu Ënsber ass de Wanter erëm zréck komm an dofir hu mir geduecht de Villercher kleng Fudderplatzen ze bastelen wou si och an dem kale Wieder eppes z'iesse fannen.

D'Kanner hu voller Freed gemoolt an sech Gedanke gemaach wei eng Faarf d'Villercher dann elo am léifsten hunn :-)

Sie sinn all esou schéi ginn dass sech bestëmmt ganz vill Villercher doriwwer freeën.

Merci un de léiwe Grupp.


» Fotoen




Käerzen

02.12.2022

Fir déi schéi Chrëschtzäit hu mir an eisem emdekoréierten Zelt mat de Kanner Käerze gemaach.

Am Zesummenhang mam hellege Mann hu mir de Kanner eng kleng Geschicht erzielt, dass mir Zwergen am Zelt hunn déi een Zauberwuess hunn. D'Kanner konnten sech mat dem Zauberwuess eng Zauberkäerz maachen déi hinne soll Gléck bréngen.

D'Begeeschterung war grouss wéi si bis am Zelt waren an d'Gefill haten an engem Zwergebësch ze sinn. Douce Musek a mystesch Beliichtung hunn déi Stëmmung nach emol ënnerstrach.

Alles an allem eng gelongen Aktivitéit.



» Detailer
» Fotoen

Video_Zelt_XMas_22



Halloween

28.10.2022

Den Oktober war eise Grujel-Mount a mir zum Thema Halloween och Kürbisse mat de Kanner ausgehillegt. Mir hate ganz léif Gruppen an et si richteg flott Kürbissen zustane komm. D'Kanner konnten een Téiliicht dra sëtzen an am spéiden Owend konnten d'Kanner hier Kürbissen dunn virun der Dir bewonneren.



» Detailer
» Fotoen




Viz zu Ënsber

14.10.2022

De 14. Oktober hu mir eis e Kelter kaaft fir selwer kenne Viz ze maachen. Et war eng immens flott an nei Aktivitéit déi mir elo all Joer am Hierscht kennen ubidden. De Startschoss hate mir mat engem Cycle 1 déi richteg begeeschter waren. Fir de Viz och doheem kennen ze genéissen, krut all Kand eng Fläsch mat heem. Mir freeën eis schonn op déi nächst Viz-Saison.



» Detailer
» Fotoen




Eischt Viregt

Links & Docs