Passer au contenu principal Passer au menu principal

Activités

Neiegkeeten


Käerzen am Glas

20.11.2025

Och dëst Joer hu mir erëm Käerze mat de Kanner gemaach. Fir awer emol en aner Wuess wéi de Paraffin ze benotzen an eng aner Methoden ze weisen, hu mir Käerzen am Glas mat de Kanner gegoss. Als Wuess hu mir Soja-Wuess geholl deen een als kleng Schnëppele kritt, wat mei einfach ass fir et ze porzionéiren. Zousätzlech konnt all Kand nach en Doft dobäi mëschen fir dass d'Käerzen och gutt richt.


» Fotoen




Graffiti

20.11.2025

Fir eis Entrée vum Zelt erëm nei opzefrëschen, hu mir mat engem Cycle 4 e Graffiti-Moie gestart a si konnten hirer Kreativitéit fräie laf loossen. Zousätzlech konnten si op enger grousser Holzplak nach e Klassegraffiti spraye wat mir um Site opgehaangen hunn.


» Fotoen




Kraidergaart

20.11.2025

Dank enger léiwer Cycle 1 Klass déi ganz vill kleng fläisseg Hänn dobäi haten, konnte mir eise Kraidergaart erëm néi beplanzen. D'Kanner hate vill Spaass dobäi alles ze probéieren a kruten erkläert wat alles an eisem Gaart wiisst a firwat en déi Kraider ka benotzen.


» Fotoen




Fadenbilder

20.11.2025

Zesumme mat engem Cycle 4 hu mir zum Thema Hierscht, Fadenbilder gebastelt. Sie konnten sech e Motiv eraussichen an hu mat klengen Neel d'Konturen nogemaach andeem si op als Zentimeter en Nol ageschloen hunn. Uschléissend hunn si sech faarweg Fiedem erausgesicht fir zesumme mat den Neel am dem Fuedem e Bild ze vernetzen.


» Fotoen




Mini Djembé

20.11.2025

Op Ufro vun denger Joffer déi als Thema "Afrika" an hierer Klass behandelt, hu mir zesumme kleng Djembé'en gebastelt déi si konnte mat heem huelen an déi si an der Schoul konnten wärend de Musiksstonn benotzen.


» Fotoen




Projet de service_2024

08.04.2024

An deenen éischten zwee Deeg vun der Ouschtervakanz hate mir um "Projet de Service" deelgeholl an dass vill op eisem Site geschafft ginn. E Grupp vu ronn 80 Leit, dovu 50 Kanner a Jugendlecher am Alter vun 11-20 Joer hunn an Zesummenaarbecht mat der Gemeng e flotte Kraidergaart, Insektenhoteler, eng Feierplaz a villes mei gebaut, gebotzt a verschéinert. Et war eng immens schéin Erfarung ze gesi wéi vill een a kuerzer Zäit kann erreechen wann een zesumme schafft. De Grupp huet sech aus Leit aus aller Welt zesummegesat. Och wa mir net all déi selwecht Nationalitéit, Sprooch oder Hautfaarf haten, ware mir d'selwecht. Dofir och de Sproch " Mir sinn all d'Blummen aus engem Gaart". Nieft der Aarbecht, déi benevole war, stoung de soziale Faktor un éischter Stell. Jiddereen huet mat jidderengem geschafft an all déi Barrièren déi soss am Alldag duerch eis verschidden Nationalitéite mol opkomme, ware verschwonnen. E grousse Respekt geet och un déi Verantwortlech vun dem Projet déi dat dräi mol am Joer organiséieren. Sie investéiere vill Zäit an Energie an de Projet an dass schéin ze gesi wéi di positiv Astellung sech och op d'Kanner a Jugendlecher iwwerdréit. Et ass sech vill Merci gesot ginn, sech an der Aarm geholl an et sinn Tréinen aus Dankbarkeet a Stolz gefloss.

De Background vu verschiddenen Kanner / Jugendlechen ass deels erschreckend an et gëtt engem bewosst wéi gutt een et amfong huet. Och ass et ëmsou beandrockend, dass och sou Kanner / Jugendlecher sech melle fir bei sou engem Projet dobäi zesinn. E ganz groussen MERCI nach emol u jiddereen dee gehollef huet eise Site méi schéin ze maachen.


» Fotoen




Suivante Dernière

Links & Docs