Passer au contenu principal Passer au menu principal

Schoulcharta

 

Léif Elteren, léif Kanner,

 

D‘Aufgab vun der Schoul ass et sech konstant weider ze entwéckele fir den Ufuerderunge vun hirem Bildungs- an Erzéiungsoptrag gerecht ze ginn.

An deem Sënn ass et wichteg, konkret Reegelen ze hunn, déi e flott Mateneen erméiglechen. Esou schafe mir all zesummen en séchert Ëmfeld an deem jidderee sech wuel fillt a gutt entwéckelen an entfale kann.

 

Vun der Rentrée 2019 u schaffen d‘Schoul an d‘Maison Relais verstäerkt zesummen a bilden e Schoulkomplex. Eise Schoulkomplex ass en Ankerpunkt am Lallenger Quartier an all zesummen si mir responsabel fir op dëse flotte

Site opzepassen.

 

Eis Charta ass eng Zesummenaarbecht vum Léierpersonal, den Erzéier aus der Maison Relais, den Elterevertrieder an de Kanner aus der Lallenger Schoul.

 

Charta a pedagogescht Reegelkonzept (PDF)