Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

"Tell your Town" - Brillschoul

07.02.2018

Dräi Klasse vun der Brillschoul hunn während 2 Joer mat der Uni Lëtzebuerg, der Hochschule vun Tréier an der Kurfürst-Balduin Realschule vun Tréier un enger App geschafft. D'App heescht "Tell Your Town" an domadder kann een e "Parcours thématique" duerch eng Stad oder e Quartier, mat Froen a Rätsele gestallten.

D'Klasse vum Brill waren am Januar eng éischte Kéier op Tréier dat Ganzt testen. Den éischte Februar waren 2 Klasse vun Tréier hei zu Esch fir en zweeten Test ze maachen. D'App gëtt "offiziell" am Abrëll zu Tréier virgestallt.