Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Aktuelles

Neiegkeeten

  • Am Ellergronn op der Sich no Insekten

    E flotten sonnegen Dag am Ellergronn op der Sich no Insekten. Mir haten d‘Chance vill Päiperléken an Heesprénger ze fänken, se ze observéieren an se duerno natierlech erëm fräi ze loossen. Awer och Spannen mat hieren Eeër hunn mer fonnt, obwuel dat jo keen Insekt ass, well se 8 Been a keng 6 hun. Mat Hëllef vu Bicher an der App Google Lens konnten mir hier genau Nimm erëmfannen.

  • Baken an der Kichen

    Och gebak gëtt an eiser équippéierter Kichen am Keller mam Resultat: Regenbogenkuchen.

  • BMW Art Cars

    Och haten mir d‘Chance d’Expositioun vun den BMW ART CARS um Site Arbed-Schëffleng kënnen live ze gesinn. Mir konnten déi original Autoen wou haut bis zu 500’000’000€ kéinten versteet ginn kucken an fotograféieren. Den Auto (mat der Nummer 76) vum berühmten Kënschtler Andy Warhol ass deen deiersten Auto op der Welt.
    Deemools 1975 huet den Rennfahrer Hervé Poulain d‘Idee gehat seng Hobby‘en, d‘Konscht an de Motosport ze verbannen, mat Succès, BMW huet déi Idee och gefall an seng Autoen zur Verfügung gestallt. Déi éicht 4 Joer sinn déi Konschtautoen och wierklech Coursen gefuer an et huet dem Publikum gefall Konschtwierker op der Rennstreck ze bestaunen.
    Mir waarde ganz gespaant op dee nächsten Konschtauto.


  • Projet Zesummen


    Arbechten um Cours Portugais aus dem Cycle 3 zum Thema "Zesummen".

    Os trabalhos feitos pelos alunos do ciclo 3 relativos ao projeto "Zesummen".

  • Buch "Seine eigene Farbe"

    Den C3 huet an der Klass d’Buch "Seine eigene Farbe" gelies an ass et an aaner Klasse virstelle gaangen.

  • Fir e proppere Quartier

    Mat alle Mëttelen versichen eis Schüler de Wee virun der Schoul propper ze halen.
    Nieft Plakater goufen Hondskéipercher aus Leem gebastelt.
    Hoffe mer, datt et eppes bréngt well kee Mënsch trëppelt gär an den Hondsdreck!

Eischt Viregt Nächst Lescht