Aktuelles
Neiegkeeten
Poppentheater
De Freide virun der Ouschtervakanz huet d'Carine Kayser e puer Klassen aus dem C2 eng besonneg Freed gemaach. Hatt huet mat sengen herrleche Poppen eng Geschicht vum Ouschterhues firgespillt. D'Kanner ware begeeschtert an hu gudd matgemaach.Zum Gléck konnt d'Int den Ouschterhues iwwerrieden, awer Aer ze fierwen. Deen hat nämlëch dëst Joer keng Loscht, well d'Kanner nëmme Schokola iessen.Ouschteratelier
Virun der Ouschtervakanz hu mir nees flott an der Schoul gebastelt. Vill Ouschternäschter goufe gefëllt mat gefierften Aer. Dat war eng flott Ofwiesslung.