Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Schoulcharta


D’NoWi- Charta ass vun de Kanner, den Elteren an dem Personal aus der Maison Relais an der Ekipp aus der Schoul ausgeschafft gi, fir datt se vun all de Memberen aus der Schoulgemeinschaft gelieft gëtt. Zesummen hu mir festgehale fir wat mir als Schoulgemeinschaft stinn. Dës Charta soll dozou bäidroen eis gemeinsam Wäerter och am Alldag ze liewen.
Bei eiser Charta handelt et sech ëm ee Guide deen eis hëlleft fir datt all Eenzelen sech an enger staarker Gemeinschaft kann entfalen. Eis Charta stellt d’Fundament duer fir eng nohalteg Zesummenaarbecht an eng gemeinsam Entwécklung.

1. Respekt

- Mär akzeptéieren eis selwer, genau esou wéi all aneren a sinn oppe fir Neies.
- Mär behandelen déi aner, wéi mär och wëlle behandelt ginn.
- Mär lauschtere no a si fräi vu Viruerteeler.

 

2. Vertrauen

- Fir eis stinn d’Kanner am Mëttelpunkt.
- Mär sinn éierlech a frëndlech a kënnen eis op deen anere verloossen.
- Mär maachen all eist Bescht, fir dass et eis all gutt geet.

 

3. Hëllefsbereetschaft

- Mär bidden eis Hëllef un a loosse se och zou.
- Mär halen zesummen.
- Bei Ongerechtegkeet kucken mär net ewech a setzen eis an.

 

4. Motivatioun

- Mär komme gär heihin a mär hunn hei Frënn.
- Mär bleiwen a Beweegung.
- All Iddi ass wäertvoll.

 

5. Freed

- Mär léiere gäre mateneen a vuneneen.
- Mär freeën eis iwwer all Erfolleg, op kleng oder grouss.
- Mär sinn houfreg drop, Verantwortung ze iwwerhuelen.

Jidderee vun eis engagéiert sech an iwwerhëlt Verantwortung fir datt dës Wäerter a Leitmotiver ëmgesat an am Schoulalldag gelieft ginn.



Eis Charta News





Joie

12.03.2018

- Nous aimons apprendre ensemble et l’un de l’autre.
- Nous sommes fiers de prendre des responsabilités.
- Nous nous réjouissons de toute réussite, aussi menue qu’elle soit.




Motivation

12.03.2018

- Nous aimons être ici et nous y rencontrons nos amis.
- Nous restons en évolution.
- Chaque idée et chaque apport sont précieux.




Serviabilité

12.03.2018

- Nous proposons notre aide et nous acceptons l’aide des autres.
- Nous sommes solidaires.
- En cas d’injustice, nous réagissons et nous nous investissons.




Confiance

12.03.2018

- Pour nous, les enfants sont le centre de notre attention.
- Nous sommes honnêtes, polis et nous pouvons faire confiance
l’un sur l’autre.
- Nous faisons tous de notre mieux pour garantir le bien-être de
nous tous.




Respect

19.02.2018

- Nous nous acceptons nous-mêmes ainsi que mutuellement et nous sommes ouverts à toute innovation.
- Nous traitons les autres comme nous voulons que nous soyons traités.
- Nous sommes à l’écoute et nous ne nous laissons pas guider par des préjugés.