Cycle 1
Aktuell News |
Schoulgaart
De Schoulgaart am Bongert um Brouch erwächt aus sengem Wanterschlof. An de läschte Wochen hun di kleng Gärtner fläisseg geschafft: et koum neie Buedem an d'Beeter, et gouf gegruewen, geséit, genaat an elo gläich kommen di kleng Geméisplanzen an de Buedem. Di zwou Vullescheichen hun en Aan op alles. D'Kanner hu vill Spaass beim Gärtneren, beim Spillen a Picknicken!Fest
Den C1 um Macon haten a super flott Fest an Samsteg, wou si vill gesammelt hunn fir de gudden Zweck!
BRAVO
Et ass Kuch a Kaffee verkaaft ginn, gebastelt Kreatiounen, Tatooen,….
Et war a gemittlechen Moien fir de gudden ZweckTrisomie 21 Dag
Haut um weltwäitem Trisomie 21 Dag hunn mir eis ganz solidaresch mam Dana gewisen an hunn 2 verschidden Strëmp ugedoen, fir op Enterscheeder an Norm opmierksam ze maachen. Mir si frou Dana an eisem Grupp ze hunn, wou hat vu jidferengem sou akzeptéiert gett wéi hat ass.