Passer au contenu principal Passer au menu principal

Projet de service_2024

08.04.2024

An deenen éischten zwee Deeg vun der Ouschtervakanz hate mir um "Projet de Service" deelgeholl an dass vill op eisem Site geschafft ginn. E Grupp vu ronn 80 Leit, dovu 50 Kanner a Jugendlecher am Alter vun 11-20 Joer hunn an Zesummenaarbecht mat der Gemeng e flotte Kraidergaart, Insektenhoteler, eng Feierplaz a villes mei gebaut, gebotzt a verschéinert. Et war eng immens schéin Erfarung ze gesi wéi vill een a kuerzer Zäit kann erreechen wann een zesumme schafft. De Grupp huet sech aus Leit aus aller Welt zesummegesat. Och wa mir net all déi selwecht Nationalitéit, Sprooch oder Hautfaarf haten, ware mir d'selwecht. Dofir och de Sproch " Mir sinn all d'Blummen aus engem Gaart". Nieft der Aarbecht, déi benevole war, stoung de soziale Faktor un éischter Stell. Jiddereen huet mat jidderengem geschafft an all déi Barrièren déi soss am Alldag duerch eis verschidden Nationalitéite mol opkomme, ware verschwonnen. E grousse Respekt geet och un déi Verantwortlech vun dem Projet déi dat dräi mol am Joer organiséieren. Sie investéiere vill Zäit an Energie an de Projet an dass schéin ze gesi wéi di positiv Astellung sech och op d'Kanner a Jugendlecher iwwerdréit. Et ass sech vill Merci gesot ginn, sech an der Aarm geholl an et sinn Tréinen aus Dankbarkeet a Stolz gefloss.

De Background vu verschiddenen Kanner / Jugendlechen ass deels erschreckend an et gëtt engem bewosst wéi gutt een et amfong huet. Och ass et ëmsou beandrockend, dass och sou Kanner / Jugendlecher sech melle fir bei sou engem Projet dobäi zesinn. E ganz groussen MERCI nach emol u jiddereen dee gehollef huet eise Site méi schéin ze maachen.






» Fotoen