Actualité
Interkulturellt Iessen
De ganze Cycle 4 huet t'Schüler, souwéi hir Elteren an aner Familljememberen op en interkulturellt Iessen invitéiert. Ganz vill Natioune ware présent, wou een déi eenzel kulinaresch Vilfalt entdecke konnt. Dat ganzt stoung net nëmmen ënnert dem Motto vum Iesse, mee och t'Entdeckung vun de verschidde Kulture war e wichtege Punkt. T'Kanner konnte mat hire Frënn, hirer Famill a mam Enseignant e schéinen Owend verbréngen. Verschidden Andréck kennt dir bei de Fotoe fannen.
Brain Gym
Och am 2ten Trimester leeft eise Lalli Cup weider. No engem laangen éischten Trimester huet all Cycle hir éischt Gewënner fonnt an elo heescht et net opginn a weider maachen. Des Kéier mussen t'Kanner net sportlech begaabt sinn, mee et heescht am Duo zesummen eng Taktik ze fanne fir déi meescht Punkten ze sammelen. Wéi et de Numm scho seet, gëtt des Kéier méi t'Gehier a virun allem de Verhalt an de Virgrond gestallt. All Resultater kennt dir op eiser Schoulsäit noliesen.
Wantermaart 2023
Den 20 Dezember fënnt eise Wantermaart an der Lallenger Schoul statt. Kommt all bis laanscht.
Lalli Cup 23/24
Et ass eremm sou wäit. De Lalli Cup 23/24 steet mam Pabeierfliger Concours an de Startlächer.
Lalli Cup
De Lalli Cup startet ab e Méinden an säin 2ten Tour. No engem laangen éischten Trimester, wou t'Kanner vum C2 bis C4 am Sandsaackschéisse géint e nee gespillt hunn, geet et dann des Kéier beim Passe à dix em t'Kroun. Bei Weider Informatiounen kennt dir den Zweschenstand an den Cyclë kuken.
Spill 1: Sandsaackschéissen
Spill 2: Passe à dix
Spill 3: Basket