Passer au contenu principal Passer au menu principal

Viz zu Ënsber

14.10.2022

De 14. Oktober hu mir eis e Kelter kaaft fir selwer kenne Viz ze maachen. Et war eng immens flott an nei Aktivitéit déi mir elo all Joer am Hierscht kennen ubidden. De Startschoss hate mir mat engem Cycle 1 déi richteg begeeschter waren. Fir de Viz och doheem kennen ze genéissen, krut all Kand eng Fläsch mat heem. Mir freeën eis schonn op déi nächst Viz-Saison.



D'Äppel kommen aus engem Bongert wou Päerd stinn an doduerch ni mat Pestiziden gesprëtzt gëtt. BIO-Label :-)




» Fotoen