Passer au contenu principal Passer au menu principal

Toutes les nouvelles

Rubix

20.01.2025

Haut ass et erëm souwäit. An der Lallenger Schoul si Kanner rëm gefrot am 2ten Tour vum Lalli Cup. Wärend am 1ten Trimester Fangerspëtzegefill an Teamwork gefrot war, sou geet an dësem Tournoi ëm Schnellegkeet an ëm Logik.

Sou wéi de Numm et scho verréit, ass den Tournoi un engem Rubik’s Cube orientéiert. Ziel vum Spill ass et Sportshittecher de Faarwe no ze uerdnen, sou wéi bei engem Rubik’s Cube. Jee no Cycle ass de Schwieregkeetsgrad ugepasst ginn.

Mir wënschen de Klasse vill Spass an Erfolleg beim Tournoi.

Bastelowend am C1 an C2.2 bei de Fliedermais

11.01.2025

Am Kontext vun eisem PDS huet den C1 an C2.1 bei de Fliedermais zesumme mat den Eltere verschidde Bastelateliere gemaach. Hei konnten si verschidden Dekoratioune fir Chrëschtdag bastelen.
Zil vun dësem Owend war:
- d'Kanner konnten zesumme mat hiren Eltere kreativ sinn
- Austausch tëscht de Kanner, Elteren a Léierpersonal an engem anere Kontext
- den Elteren Iddie gi wéi si de Kanner hier Feinmotorik förderen kennen
Mir soen alle Kanner an Eltere merci déi um Bastelowend deelgeholl hunn :)

Tippi am Schoulgaart

08.01.2025

Virun der Vakanz, huet t'Klass vun der Madame Cindy e Weiden-Tippi am Schoulschoulgaart gebaut. Des Aarbecht ass zesumme mat der Madame Brenner Amélie vum Cigl/Léieren am Gaart entstanen. Mir soen hirer Ekipp an de Gäertner vun der Escher Gemeng e grousse merci fir des Kooperatioun.

Concours: Ween huet déi schéinste Chrëschtdags-Dier an der Dellhéicht Schoul?

17.12.2024

Chrëschtlech Stëmmung an der Dellhéicht Schoul!

Léierpersonal hun mat hire Kanner hier Dieren an da ganzer Schoul dekoréiert.

Jury wielt déi schéinsten Dier eraus an op eis Gewënnerklass waart ee klenge Präis.

Fête de fin d'année

17.12.2024

Les élèves de l'école Grand-Rue vous invitent cordialement à leur fête de fin d'année "Wanterliichter" (illuminations hivernales) le 19 décembre dans la salle de sport de l'école Dellhéicht.

Nous nous réjouissons de votre visite!


Science Center

17.12.2024

Wanterliichter an der Schoul Dellhéicht

12.12.2024

Dellhéicht Schoul invitéiert ierch härzlech op hier Wanterliichter den 18. Dezember.

Fir Iessen, Drénken an gudd Stëmmung ass gesuergt! Kommt lanscht, mir frëen eis!


soirée de jeux 2024

28.10.2024

Am Kader vun eisem PDS huet den C1 bei de Fliedermais an den C2.1 en Spillowend fir d'Kanner mat hieren Elteren organiséiert.
Première Précédente Suivante Dernière