Toutes les nouvelles

Coupe Scolaire Dellhéicht 2024
23.05.2024Cette année, le cycle 4 de l'école Dellhéicht fera de nouveau une Coupe Scolaire. Celle-ci se déroulera jeudi, le 20 juin de 9h à 12h00. Nous attirons donc l'attention de tous les automobilistes sur le fait qu'ils doivent être particulièrement vigilants ce jour-là.
Afin d'avoir le plus d'adultes possible sur le parcours des enfants, nous serions reconnaissants pour toute aide que nous pourrions obtenir. Si vous avez donc le temps et l'envie de nous aider le jour de la Coupe Scolaire, n'hésitez pas à nous contacter à l'adresse e-mail suivante. --> alessandra.casagrande@education.lu
Nous vous remercions d'avance. :)

Radiosendung beim Radio Ara
20.05.2024An Zesummenaarbecht mam Radio Ara an eiser ICN ass dëse flotte Projet entstanen. Mam Projet ,Ouerschlëffer' konnt d'Klass vun der Madame Cindy hannert Kulisse vum Radio Ara blécken a si konnten eng Sendung ophuelen déi och ausgestraalt ginn ass. Hei drënner kennt dir d'Live Sendung och lauschteren.
Theme vun der Schoul a vun der Klass sinn ausféierlech an der Klass behandelt ginn an ausgeschafft ginn. Virun dass d'Kanner beim Radio Ara ukomm sinn, hu si sech selwer an der Schoul opgeholl an et ass oft widderholl ginn.
Fir déi nächst Jore sinn nach weider Projete mam Radio Ara geplangt an do kann ee gespaant si wat dobäi entsteet. Mir soen dem Radio Ara e grousse Merci fir déi Zesummenaarbecht.

Semaine du sport
17.05.2024Une semaine sportive aura lieu à l'Ecole Nonnewisen du 21 au 24 mai.
Tout tournera autour du thème du sport, de l'alimentation, de la santé et du bien-être. Les classes feront chaque jour de nombreuses pauses de mouvement et des activités sportives dans leurs classes, aborderont des thèmes sur l'alimentation saine dans les cours de sciences et parleront de la santé et du bien-être dans le cours de Vieso.
En collaboration avec des clubs de sport d'Esch, les élèves pourront se familiariser avec différents sports. Chaque cycle a une journée dédiée à ces activités sportives avec les clubs.
Am Cycle1 bei de Fliedermais piipst et
17.05.2024Laang a ganz ongedëlleg hu mir gewaart an all Moien an d'Këscht gekuckt.
Bis et no 20 Deeg endlech esou wäit war an eis dat eischt Piipsen moies begréisst huet.
Eng Woch laang hu si eis vill Freed gemaach an elo hunn 11 kleng Jippelcher een neit doheem beim Sofia a Ben fonnt.
Hei stäerke si sech nach e bëssen, eier si eraus an hiere vlotte Gaart kënne bei déi aner Hinger goen.

Spendelaf
16.05.2024Spendelaf Donneschdes den 16. Mee 2024
MIR hunn 2160 EURO gesammelt fir d’Fondatioun Wonschstär!

Moart fir de gudden Zweck C1 Macon
08.05.2024Den C1 vum Macon huet mat desem flotten Moart 1580 Euro gesammelt déi si spenden!
Eng super Initiativ

Ausstellung iwwert Beien (mat Video)
06.05.2024De Lallenger Schoulgaart-Aarbechtsgrupp huet fir t'Klassen eng flott Ausstellung iwwert Beien organiséiert an dozou bitt den AG nach an hire Fräistonnen zousätzlech Workshops un, wou t'Klassen sech umelle kënnen.
T'Kanner konnten an de Workshops léiere wéi ee mam Wues e Lippenbalsam an och eng Käerz histelle kann, verschidden Hunnegzorte schmaachen an eng Hunnegschmier iessen. Dozou kruten t'Kanner nach ganz vill Informatiounen déi een iwwert t'Beie wësse muss.
Beie sinn net just kleng Insekten, mä och eng onverzichtbar Hëllef fir de Mënsch an d'Natur. Als Bestëbser vu Planzen, spillen si eng entscheedend Roll fir d'Erhale vun der Aartevillfalt an der Produktioun vu Liewensmëttel. Ouni Beie géife vill vun eisen Uebst a Geméis Zorten net existéieren.

Konscht am Quartier
29.04.2024Nous avons le plaisir de vous inviter au vernissage des projets d'éducation artistique du cycle 1 de l'école Nonnewisen.

Mini-Jeux Thionville 25 Juni
23.04.2024Am Kader vum Projet „Mini-Jeux Thionville 2024 » hunn t'Klasse vun der Joffer Cindy a vum Här Lehrer Fabrice am Dezember e Bam geplanzt. De Projet vum "Arboretum" gesäit fir, dass fir déi 24 Klassen déi un de Mini-Spiller deelhuelen, jeeweils 1 Bam geplanzt gëtt. Dës Beem stame vun de 5 Kontinenter a si ronderëm de Stadium de Guentrange zu Thionville geplanzt ginn. De 17. Abrëll gouf den "Arboretum" offiziell ageweit. De 25. Juni huele mir dann un de Mini-Spiller deel.
Gesonde Frühstücksbuffet am C1 bei de Fliedermais
20.04.2024De Cycle 1 bei de Fliedermais huet e Samschten den 20. Abrëll zesumme mat de Kanner an hiren Elteren ee gesonde Frühstücksbuffet gemaach.
Als eischt gouf an Atelieren alles preparéiert an duerno zesumme gutt giess :)
Mär soen allen Elteren a Kanner MERCI fir dee vlotten Moien a freeën eis op eis nächst gemeinsam Aktivitéit