Aktuelles
Spillmoien
An de Nonnewisen gëtt Samstes, den 14. Juni déi éischt Editioun vum Spillmoien organiséiert. D'Elteren an d'Kanner aus dem Cycle 2 goufen vun der Schoulekipp invitéiert vir e flotte Spillmoien an der Schoul ze verbréngen.
Zesumme gëtt gespillt, gelaacht a sech ausgetosch.
Ziel ass Freed, Spill a Spaass! Nei Spiller kennen ze léieren an e flotte Moien mat der Famill a Frënn ze verbréngen.
Nowi Réidecher
De Nowi Gaart blitt a voller Pracht. D'Kanner hu sech dëst Joer besonneg druginn vir am Gaart ze schaffen.
Elo ass et esou wäit an d'Kanner aus dem C3 konnten d'Réidecher eraushuelen. Se goufe gewäsch an un all d'Kanner aus der Schoul verdeelt. Dat war e Genoss!
Och de Recht vum Gaart mëscht sech richteg gutt.
Sportswoch
An der École Nonnewisen fënnt vum 19. bis de 23. Mee eng Sportswoch statt.
Alles dréint sech ëm Thema Sport, Ernährung, Gesondheet a Wuelbefannen. D'Klasse maachen all Dag vill Beweegungspausen an sportlech Aktivitéiten an der Klass, behandelen Themen iwwert gesond Ernährung an der Science a schwätzen iwwert d'Gesondheet an d'Wuelbefannen am Vieso-Kuer.
Zesummen mat Escher Sportsveräiner kréien d'Kanner een Androck a verschidde Sportarten. All Cycle huet e bestëmmten Dag, wou si un desen Aktivitéiten deelhuelen.
E Spendelaaf Freides, den 23. Mai ass als Oofschloss vun der Sportswoch geplangt.
Concert - NOWI Chorale
D'NOWI Chorale aus der Ecole Nonnewisen invitéiert häerzlech ob hiere Concert de 25. Mäerz 2025. D'Kanner aus dem Cycle 4 sangen Ärch ageprouften Lidder vir.
Brunch am C1 an C3.1 bei de Fliedermais
Den 8. Februar hu mir bei de Fliedermais zesumme mat de Kanner aus dem C1 an dem C3.1 an hiren Elteren e gesonde Frühstücksbuffet virbereet, deen herno zesumme giess ginn ass. Am Kader vun eisem PDS wollte mir heiduerch den Austausch tëscht den Elteren, der Schoul an de Matschüler förderen an den Elteren eventuell e puer nei Iddien mat op de Wee gi, wéi si zesumme mat hire Kanner e gesond Frühstück virbereede kennen.Mir soen allen Elteren, Bomaen a Kanner, déi un dësem Moien deelgeholl hunn, villmools Merci!