Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen


Aktuelles

  • NOWI Liesowend

    Freiden, den 7. Februar huelen d'Kanner aus de Nonnewisen un der nächster Editioun vum Liesowend deel. Ënnert dem Motto: "Von seinen Eltern lernt man lieben, lachen, und laufen. Doch erst wenn man mit Büchern in Berührung kommt, entdeckt man, dass man Flügel hat." vum Helen Hayes.

    Vill Spaass!


  • Bastelowend am C1 an C2.2 bei de Fliedermais

    Am Kontext vun eisem PDS huet den C1 an C2.1 bei de Fliedermais zesumme mat den Eltere verschidde Bastelateliere gemaach. Hei konnten si verschidden Dekoratioune fir Chrëschtdag bastelen.
    Zil vun dësem Owend war:
    - d'Kanner konnten zesumme mat hiren Eltere kreativ sinn
    - Austausch tëscht de Kanner, Elteren a Léierpersonal an engem anere Kontext
    - den Elteren Iddie gi wéi si de Kanner hier Feinmotorik förderen kennen
    Mir soen alle Kanner an Eltere merci déi um Bastelowend deelgeholl hunn :)

  • Spillowend bei de Fliedermais 2024

    Am Kader vun eisem PDS huet den C1 bei de Fliedermais an den C2.1 en Spillowend fir d'Kanner mat hieren Elteren organiséiert.

  • Summerfest Nonnewisen 25.06

    D'École Nonnewisen invitéiert ärch all häerzlech ob hiert Summerfest 2024. Vir Iessen, Gedrénks a Spektakel ass gesuergt.


  • Sportswoch

    An der École Nonnewisen fënnt vum 21. bis de 24. Mee eng Sportswoch statt.

    Alles dréint sech ëm Thema Sport, Ernährung, Gesondheet a Wuelbefannen. D'Klasse maachen all Dag vill Beweegungspausen an sportlech Aktivitéiten an der Klass, behandelen Themen iwwert gesond Ernährung an der Science a schwätzen iwwert d'Gesondheet an d'Wuelbefannen am Vieso-Kuer.

    Zesummen mat Escher Sportsveräiner kréien d'Kanner een Androck a verschidde Sportarten. All Cycle huet e bestëmmten Dag, wou si un desen Aktivitéiten deelhuelen.


  • Am Cycle1 bei de Fliedermais piipst et

    Laang a ganz ongedëlleg hu mir gewaart an all Moien an d'Këscht gekuckt.

    Bis et no 20 Deeg endlech esou wäit war an eis dat eischt Piipsen moies begréisst huet.

    Eng Woch laang hu si eis vill Freed gemaach an elo hunn 11 kleng Jippelcher een neit doheem beim Sofia a Ben fonnt.

    Hei stäerke si sech nach e bëssen, eier si eraus an hiere vlotte Gaart kënne bei déi aner Hinger goen.


Eischt Viregt Nächst Lescht