Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

All News

Lalli Cup - Baseball

19.04.2024

De Lalli Cup kennt op déi läscht Line droite an et kann nach alles passéieren an deenen 3 Cyclen. Och an dësem Trimester mussen sech Kanner rëm ënner Beweis stellen an des Kéier steet de Baseball am Fokus. Wéi ëmmer fannt dir t'Resultater op eisem Lalli Cup - Site.

De Pausegrupp wënscht den Titulairen an de Kanner vill Spaass.


Konschtprojet mam Lisa Junius

17.04.2024

Zesumme mat der lëtzebuergescher Kënschtlerin Lisa Junius, konnte Kanner aus de Cyclen 2 a 3 hiert artistescht Talent ënner Beweis stellen. An der Fotosgalerie kënnt dir déi flott Kreatioune kucken.

Ouschteren zu Lalleng

22.03.2024

D'Lallenger Schoul engagéiert sech de Kanner verschidden Themewochen un Hand vun Dekoratiounen a passende Bicher ze presentéieren.

Mir invitéieren Iech eis Fotosgalerie hei drënner ze kucken. Do gesitt dir eise flotten neien Eck.

Lalleng goes Cactus

17.03.2024

De 15 a 16 Mäerz huet d‘Lallenger Schoul virum Cactus zu Lalleng gegrillt.

Laut dem Cactus ass sou vill verkaf gi wéi nach ni.

Dowéinst soe mir de Leit déi gehollef hu merci a virun allem den Elteren déi eis iwwert déi 2 Deeg ënnerstëtzt hunn.

Iwwerraschung

09.03.2024

D'Kanner hu net schlecht gestaunt, wou si di läscht Woch an d'Schoul eragaang sin:
do, wou am Dezember de grousse Chrëschtbeemche steet, spillen ewell am Stréi e puer lëschteg Ouschterhuesen! Si hu gudd geschafft an iwwer Nuecht as an der Bruchschoul e Fréijorsgaart gewuess!
Eise léiwe Botzmadammen an dem Portier Fabio e grousse Merci fir di flott Iwwerraschung! Dir sitt di Bescht!

Groussgaass Schoul war op d'Gemeng liichten

02.02.2024

Klassen vum C1 Wäschbieren waren op d'Gemeng liichten!

Liichten bei den Escher Geschäftsleit

02.02.2024

D'Kanner vum Cycle 2 vun der Groussgaass soen all den Escher Geschäftsleit déi zougesot hunn, ee grousse Merci fir d'Erhaalen vun dëser schéiner Traditioun!

Interkulturellt Iessen

23.01.2024

De ganze Cycle 4 huet t'Schüler, souwéi hir Elteren an aner Familljememberen op en interkulturellt Iessen invitéiert. Ganz vill Natioune ware présent, wou een déi eenzel kulinaresch Vilfalt entdecke konnt. Dat ganzt stoung net nëmmen ënnert dem Motto vum Iesse, mee och t'Entdeckung vun de verschidde Kulture war e wichtege Punkt. T'Kanner konnte mat hire Frënn, hirer Famill a mam Enseignant e schéinen Owend verbréngen. Verschidden Andréck kennt dir bei de Fotoe fannen.

mesures exceptionnelles prises en raison des conditions météorologiques

17.01.2024

La Ville d’Esch informe ses citoyens des mesures exceptionnelles prises en raison des conditions météorologiques.

Sur la base des décisions de la cellule de crise du ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse, les élèves des écoles fondamentales et secondaires publiques, ainsi que des Centres de compétences, seront dispensés des cours le mercredi 17 janvier 2024.

Il est important de noter que les écoles resteront ouvertes et assureront une permanence pour accueillir les élèves qui se rendent sur place. Chaque école mettra en place un service d’accueil pendant les heures de classe. Les Maisons Relais de la Ville d’Esch restent ouvertes et maintiennent un service d’urgence pour les enfants qui se rendent sur place.

Il est à noter que, compte tenu des circonstances, le transport scolaire sera annulé pour la journée, et le service Pedibus ne sera pas opérationnel.

Pour toute information supplémentaire, veuillez contacter le Service de l’Enseignement au 2754-2795. Les parents d’élèves sont priés de contacter le responsable de leur Maison Relais en cas de questions.


« Der Punkt » von Peter H. Reynolds

09.01.2024

Die Nowi-Schule, vom Cycle 1 bis Cycle 4, hat gemeinsam an einem Projekt teilgenommen, bei dem das Bilderbuch "Der Punkt" im Mittelpunkt stand.

Dieses Buch diente als Ausgangspunkt für ein Gemeinschaftsbild und um die Freude am Lesen bei den Schülern zu fördern.

Durch die Geschichte « der Punkt » wurden wichtige Werte vermittelt, wie Zusammenhalt und die Idee, dass man Schwierigkeiten überwinden kann, indem man den ersten Schritt macht.

Diese Metapher kann den Schülern helfen, nicht nur schulische Probleme, sondern auch andere Herausforderungen besser zu bewältigen.

Insgesamt hat dieses Projekt die Schüler dazu ermutigt:

- kreativ zu sein,

- die Gemeinschaft zu stärken und

- den Spaß am Lesen in der gesamten Schule zu fördern.

Eischt Viregt Nächst Lescht