All News

Baken an der Kichen
16.06.2022Och gebak gëtt an eiser équippéierter Kichen am Keller mam Resultat: Regenbogenkuchen.

BMW Art Cars
16.06.2022Och haten mir d‘Chance d’Expositioun vun den BMW ART CARS um Site Arbed-Schëffleng kënnen live ze gesinn. Mir konnten déi original Autoen wou haut bis zu 500’000’000€ kéinten versteet ginn kucken an fotograféieren. Den Auto (mat der Nummer 76) vum berühmten Kënschtler Andy Warhol ass deen deiersten Auto op der Welt.
Deemools 1975 huet den Rennfahrer Hervé Poulain d‘Idee gehat seng Hobby‘en, d‘Konscht an de Motosport ze verbannen, mat Succès, BMW huet déi Idee och gefall an seng Autoen zur Verfügung gestallt. Déi éicht 4 Joer sinn déi Konschtautoen och wierklech Coursen gefuer an et huet dem Publikum gefall Konschtwierker op der Rennstreck ze bestaunen.
Mir waarde ganz gespaant op dee nächsten Konschtauto.

Projet Zesummen
15.06.2022Arbechten um Cours Portugais aus dem Cycle 3 zum Thema "Zesummen".
Os trabalhos feitos pelos alunos do ciclo 3 relativos ao projeto "Zesummen".

Buch "Seine eigene Farbe"
14.06.2022Den C3 huet an der Klass d’Buch "Seine eigene Farbe" gelies an ass et an aaner Klasse virstelle gaangen.

Fir e proppere Quartier
13.06.2022Mat alle Mëttelen versichen eis Schüler de Wee virun der Schoul propper ze halen.
Nieft Plakater goufen Hondskéipercher aus Leem gebastelt.
Hoffe mer, datt et eppes bréngt well kee Mënsch trëppelt gär an den Hondsdreck!


Bongert Brouch – De Buedem kënnt
09.06.2022Kanner aus dem C2 a C4 hunn fläisseg de Buedem an Eemeren an Schubbkare geschëppt fir déi flott nei Hochbeeter an de Schoulgaart fir d'Brouchschoul opzefëllen. No 2 1/2 Stonn schaffen, waren 10 m3 Buedem verdeelt.

Schoulfest um Brouch den 6. Juli 2022
14.05.2022Schoulfest um Brouch den 6. Juli 2022
Flott Aktivitéiten fir d'Kanner ginn deen Dag organiséiert.

Spendelaf an Ouschertmoart fir d'Ukrain
13.05.2022D'Kanner vum Brouch sinn e Spendelaf gelaaf fir d'Ukrain.
Chequeiwwereechung un d'Caritas den 13.05.2022.

Filip Markiewicz "Instant Comedy"
05.05.2022Pour son exposition monographique à la Konschthal Esch, Filip Markiewicz investit les deux premiers niveaux du bâtiment et met en scène sous Instant Comedy un ensemble de nouvelles productions dont les différents contenus s’influencent mutuellement, se transposent physiquement et visuellement d’une forme artistique à l’autre.