Actualité
Neiegkeeten
Spendelaf
Spendelaf Donneschdes den 16. Mee 2024
MIR hunn 2160 EURO gesammelt fir d’Fondatioun Wonschstär!
Iwwerraschung
D'Kanner hu net schlecht gestaunt, wou si di läscht Woch an d'Schoul eragaang sin:do, wou am Dezember de grousse Chrëschtbeemche steet, spillen ewell am Stréi e puer lëschteg Ouschterhuesen! Si hu gudd geschafft an iwwer Nuecht as an der Bruchschoul e Fréijorsgaart gewuess!Eise léiwe Botzmadammen an dem Portier Fabio e grousse Merci fir di flott Iwwerraschung! Dir sitt di Bescht!Wanter an der Schoul
Am Wanter firun de Feierdeeg as eis Schoul um Bruch ëmmer wonnerschéin! Eise Portier, den Här Fabio, de Seba an di fläisseg Madamme vun der Botzequipe rëschten d'Schoul vun uewe bis ënnen! Kee Wonner dass sëch do de Kleesche gär ophällt, fir de Kanner Nascheltuuten auszedeelen.